
D’Täter behaapten da weider, de Familljemember wier inhaftéiert a kéint réischt nom Hannerleeë vun enger Kautioun nees op fräie Fouss kommen. D’Affer ginn dobäi iwwert den Telefon därmoossen ënner Drock gesat, datt se fräiwëlleg Wäertgéigestänn, wéi Boergeld oder Bijouen, aushännegen, déi d’Täter, déi sech dacks als Policebeamten, Mataarbechter vum Parquet oder Famill ausginn, siche kommen.
Mat Hëllef vun enger spezieller Technik ginn ausserdeem gefälscht Nummeren um Telefon vum Affer ugewisen.
D’Police Lëtzebuerg betount an dem Kontext, datt se keng vun de beschriwwenen Demarchë fir d’Hannerleeë vun enger Kautioun applizéiert an och net per Telefon Boergeld oder Wäertsaachen afuerdert.