Zwou Persounen am PassagearrestPolice wéinst enger Dose Kläppereie geruff

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg hunn d'Beamte vun der Police bei ronn enger Dose Kläppereien a Gestreits missen intervenéieren.

Op der Place de la Gare an der Stad waren zwou Persounen uneneegeroden, vun deenen eng d’Nuecht huet missen um Policebüro verbréngen.

Zu Dikrech op engem Camping war eng aner Persoun opgefall, déi alkoholiséiert war an déi aner Leit ugepöbelt huet. Och dës Persoun koum an de Passagearrest.

Iwwerdeem gouf der Police eng 30 Mol Kaméidi gemellt.

Alkohol um Steier

D’Police mellt, waren iwwerdeem eng Partie Automobiliste mat ze héijem Alkoholpeegel ënnerwee.

Géint 3 Auer gouf der Police e Chauffer gemellt, dee méiglecherweis alkoholiséiert wier. Bei der Kontroll vum Automobilist zu Bous ass den Alkoholtest positiv ausgefall. De Permis gouf agezunn an eng Plainte lancéiert.

Op der A7 op der Héicht vu Colmer-Bierg ass enger Patrull géint 5 Auer e geparkten Auto opgefall. De Chauffer souz hannert dem Steier ze schlofen. Och hei hat den Automobilist gedronk, ma de Fürerschäin huet awer net missen agezu ginn. Trotzdeem gouf Plainte gemaach an de Won immobiliséiert.

Donieft goufe jeeweils ee Permis zu Wuermer an een zu Wëntger wéinst positiven Alkoholtester agezunn.

Back to Top
CIM LOGO