
Zu Ettelbréck gouf e Samschdeg am fréien Nomëtteg eng Persoun gemellt, déi d’Aarbechter a Clientë vun engem Betrib op der Place Marie-Adelaide menacéiere géif. Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, gouf hien direkt e puermol opgefuerdert, sech ze berouegen a fortzegoen. De Mann ass awer ëmmer nees erëmkomm a wollt sech net berouege loossen. Den alkoholiséierte Mann gouf doropshi mat an den Arrest geholl an et huet een eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf et zu Ettelbréck och nach eng Kläpperei. Eng Persoun hat hei véier anerer attackéiert. D’Beamte wollten de Mann mat op de Büro huelen, allerdéngs huet hie kuerz dono probéiert, ee Beamte kierperlech ze attackéieren. Och méi spéit huet de Mann sech weiderhi gewiert an nees e Beamten attackéiert, ier en dunn an den Arrest koum.
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et och an der Stad an der Rue de la Boucherie eng Kläpperei. D’Affer koum an d’Spidol. E Verdächtege gouf ermëttelt a festgeholl.
Donieft deelt d’Police mat, datt et an der Nuecht op e Sonndeg 50 Meldunge gouf wéinst ze vill Kaméidi. An de meeschte Fäll war d’Musek ze haart.