
D’Leit op der Stater Gare fille sech am Stach gelooss, wat huet den neie Policeminister wëlles? Dat huet en Dënschdeg de Mëtteg d’DP-Deputéiert Corinne Cahen de Minister Léon Gloden an der Froestonn un d’Regierung an der Chamber gefrot. Hie géif de Problem jo kennen, hätt als Deputéierte reegelméisseg méi Poliziste gefrot. Kommen déi elo?
Den CSV-Minister huet geäntwert, hie wéilt d’Presenz vun de Poliziste verstäerken, ouni awer Detailer ze ginn. En Donneschdeg ass eng Reunioun mat der Stad Lëtzebuerg a mat der Police.
Tëscht September an Dezember gouf et 137 registréiert Déifställ an Abréch. All Fall wär een ze vill, mä an anere Stater Quartiere wär et nach méi schlëmm, huet den Léon Gloden erkläert. D’Gare kéim op déi 5. Plaz. D’Drogekriminalitéit ass an där Statistik net consideréiert.