Kierchbierg an CHL als AlternativenUrgence vun ZithaKlinik e Freideg wéinst techneschem Problem zou

RTL Lëtzebuerg
Patienten an der Stad mussen e Freideg op aner Spideeler zeréckgräifen, well d'Urgence vun der ZithaKlinik aus technesche Grënn de ganzen Dag zou bleift.
Vu 17 Auer un iwwerhëlt d'Urgence vum Hôpital Kirchberg de Bereetschaftsdéngscht a garantéiert dëse wärend dem ganze Weekend.
© René Pfeiffer

Aus technesche Grënn bleift d'Urgence* vun der ZithaKlinik um Freideg zou, sou e Communiqué vun den Hôpitaux Robert Schuman. Fir d'Regioun Zentrum si bis 17 Auer d'Urgencë vum Hôpital Kirchberg an dem CHL op.

Vu 17 Auer un iwwerhëlt d'Urgence vum Hôpital Kirchberg de Bereetschaftsdéngscht a garantéiert dëse wärend dem ganze Weekend.

*An enger éischter Versioun hate mir vun der Poliklinik an der Urgence geschwat. Et ass awer just d'"Policlinique - Urgence" zou, déi sougenannt "Policlinique programmé" ass wéi gewinnt op.

Back to Top
CIM LOGO