
De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel huet en Dënschdeg säin Homolog aus Guatemala, de Carlos Ramiro Martínez, fir eng Aarbechtsvisitt empfaangen. Déi bilateral Relatiounen tëscht béide Länner sinn um politeschen an ekonomesche Plang verstäerkt ginn, grad esou wéi och an der Kooperatioun am Developpement.
Déi zwee Ministeren hunn e generelle Kooperatiounsaccord tëscht Guatemala a Lëtzebuerg ënnerschriwwen, deen en institutionellen, juristeschen a finanzielle Kader setzt fir nei Projeten unzegoen a Perspektiven opzemaachen tëscht béide Länner. Lëtzebuerg envisagéiert eng Co-Accreditatioun fir Guatemala a senger Ambassade a Costa Rica, fir seng Relatiounen an Zentralamerika am Kader vun enger regionaler Approche auszebauen.

Donieft hunn de Carlos Ramiro Martínez an de Xavier Bettel sech iwwer déi aktuell regional an international Aktualitéit ënnerhalen. Si hunn dobäi ënnerstrach, datt si fir de Multilateralismus, staark Vereenten Natiounen an d'Protektioun vun de Mënscherechter sinn, grad esou wéi fir e gemeinsaamt Engagement fir de Fridden an d'Anhale vun internationalem Recht. De Xavier Bettel huet ausserdeem d'Ënnerstëtzung bei den Efforten erneiert, déi Guatemala bei der Stäerkung vun der Demokratie an der Onofhängegkeet vum Justizsystem mécht an déi rezent Progrèsen an deene Beräicher gelueft.
Am Kader vu senger Visitt huet sech den Ausseminister vu Guatemala ënnert anerem och mam Premier Luc Frieden ënnerhalen, grad esou wéi mat Membere vum Ausseministère, der Chamber an der Groussregioun.
