Et wier een houfreg op dat, wat um Dësch läit a wat de Finanzminister Gilles Roth do realiséiert hätt, sou de Laurent Zeimet. D'Kafkraaft géing gestäerkt ginn an et géing moderne Famillje-Forme Rechnung gedroe ginn, ouni de klassesche Modell an den Hannergrond ze stellen.
"Déi Steiereform ass jo begleet vu Mesurë fir d'Famill, Erhéijung vum Kannergeld, Erhéijung vun der Ënnerstëtzung bei der Kannerbetreiung. Do mengen ech, ass d'Famill bei dëser Reform net vergiess. Jo, wat richteg ass, e et spillt keng Roll méi, ob e bestuet oder gepacst ass bei de Steieren. Wann Der mech perséinlech frot, als konservative Mënsch kann ech och mat enger Unerkennung dovunner bei de Steiere liewen. Ech stellen awer fest, datt de Grondkonsens an der Gesellschaft een aneren ass an datt d'Individualiséierung zanter Jore gefuerdert gouf an datt se lo da Realitéit gëtt an domat kann ech dann och liewen"
D‘Steierreform kéint nach virun der Allerhellegevakanz gestëmmt ginn, sou de Laurent Zeimet.
Am Budget 2027 klammen d'Personal-Käschten weider. Den nächste Gehälteraccord ass nach net budgetiséiert. D'Verhandlungen tëscht der Regierung an der CGFP sti virun der Dier. Well déi eng oder aner Upassung um Budget vläicht néideg ass, war d'Gehälterofkommes och Sujet op der Journée parlementaire vun der CSV.
Den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet huet am Kader vum Rentrées-Pressebriefing mat op de Wee ginn, datt déi aktuell Gesamt-Situatioun sollt berécksiichtegt ginn:
"Eis ass awer wichteg als Fraktioun, dee Message hu mer och matginn all, all Accord muss getraff ginn, andeem een och dat gesamt wirtschaftlecht Ëmfeld a Consideratioun zitt. Et muss een natierlech och a Consideratioun zéien, datt et eng Balance muss ginn tëschent privat an ëffentleche Secteur, datt mer net elo erëm do, déi Differenz ëmmer nach méi grouss gi loossen a mir mussen natierlech och, mir kënnen och net an deem Rhythmus weider Leit beim Staat astellen. An ech mengen och, dat ass eis alleguerte bewosst. Ech ginn dovun aus, datt d'Staatsbeamtegewerkschaft, déi jo och eng räsonabel Gewerkschaft ass, an déi wäert sech jo och d'Gesamtsituatioun ukucken an hire Fuerderungskatalog – wa si dann een opstellt, deen angesichts dëser Situatioun opstellen."
D'CSV-Fraktioun seet och, datt si net réischt wéilt informéiert ginn, wann den Accord schonn ënnerschriwwen ass.
Sujet war awer och d'politesch Situatioun an Europa, wou moderat Forcen turbulent Zäiten erliewen. Och d'CSV mécht sech hir Gedanken. Bei Walen a Sondagen an eisen Nopeschlänner kritt déi politesch Mëtt der bei d'Läffelen. Et ass eng Zäit, an där déi klassesch Parteie sech mat sech selwer musse befaassen, och hei am Land. De Succès vu stramm rietse Forcen ewéi dem Rassemblement National a Frankräich an der AfD an Däitschland géingen ze denke ginn, sou de Laurent Zeimet
"Wann ee gesot hätt virun nach engem Joer, d'CDU kënnt net an e Landtag, dann hätt een dat warscheinlech fir absolutt absurd gehalen."
Ma och Forcë vu wäit lénks gesäit de Laurent Zeimet skeptesch: "Ech begeeschtere mech och net fir d'Walresultater zu Berlin".
"Wann s de mat denge moderate Positioune kënns, da kléngt dat heiansdo e bësse langweileg. Dat si mer eis total bewosst. Mee dat kann awer net dozou féieren, datt mer elo iergende Populismus eraus haen, just fir vill Liken ze kréien a vill geshared ze ginn, mat Saachen, déi mer selwer net gleewen. Ech mengen, esouwäit wäerte mer d'CSV ni kréien. Ech hoffen."
Et misst een als CSV eegen Äntwerte liwweren a Messagen eriwwerbréngen, och wann dat enger CSV vläicht schwéier fält.
Dréischeif fir populistesch Messagë sinn dacks d'sozial Medien. Och hei am Land ginn déi genotzt, sou de Laurent Zeimet. Mat de Sujete selwer misst ee sech auseneesetzen, ouni sech awer dreiwen ze loossen.
"Also mir hu jo kee Brandmauerbeschloss an der CSV géint déi eng oder déi aner Partei. Dat ass dat éischt. Dat zweet ass, datt mir natierlech och observéieren, (Stéchwuert Clara von Nathusius), wat an de soziale Medien am Moment ofgeet a wéi, wéi och déi aner Parteien domadder ëmginn. An do stellt een natierlech fest, datt och eng ADR do ganz aktiv ass, hir Messagen do och da kann eriwwerbréngen. A wat ech och héieren, och aus Lycéeën, datt vill Jonker och dorobber positiv reagéieren."
Op alle Fall géif d'CSV awer weiderhin Distanz zu der ADR halen, zemools bei aussepoliteschen Theme wier en Ozean tëscht béide Parteien, sou nach de Laurent Zeimet