Dir hutt d'WuertWéi fannt Dir d'Budgetspolitik vun der Regierung?

Carine Lemmer
Stellt dem Finanzminister Gilles Roth Är Froen zu der Budgetspresentatioun.

D'Regierung wëll investéieren a bewosst d'Leit an d'Betriber entlaaschten. D'Oppositioun kritiséiert zu engem groussen Deel, datt vill Scholde gemaach ginn an den Defizit nach méi grouss gëtt.

Wéi fannt Dir d'Budgetspolitik vun der Regierung?

De Budgetsprojet fir 2027 gouf an der Chamber presentéiert an en Donneschdeg de Moie kënnt Dir dozou dem Finanzminister Froe stellen oder Remarke maachen. 

Ginn déi richteg Akzenter am Staatsbudget gesat? Sinn d'Steierbaissë richteg oder misst méi gespuert ginn? A gëtt op de richtege Plazen investéiert, ënnert anerem an d'Defense?

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth ass live am Studio. Rufft eis en Donneschdeg de Moien op den Telefon 13 30 un oder schreift stellt Är Fro iwwer eise Formulaire
 
"Dir hutt d'Wuert" iwwer d'Staatsfinanze mam Finanzminister Gilles Roth ass en Donneschdeg de Moien direkt no den Neiegkeeten um 8 Auer.

Back to Top
CIM LOGO