Youth for Climate LëtzebuergPolitik muss de Klima-Problem endlech als Problem gesinn

Loïc Juchem
Kevin Kayser
Dofir sichen déi Jonk Lëtzebuerger och den Dialog mam Educatiounsminister, fir datt de Streik och vum Ministère ënnerstëtzt gëtt.
Déi jonk Lëtzebuerger waren och e Samschdeg bei der Manifestatioun fir de Klima zu Paräis dobäi.
Déi jonk Lëtzebuerger waren och e Samschdeg bei der Manifestatioun fir de Klima zu Paräis dobäi.
© AFP

Youth for Climate Lëtzebuerg / Reportage Loïc Juchem

Nodeems dat 16 Joer aalt Greta Thunberg am Dezember d'lescht Joer op der COP 24 an senger Ried op de Klima-Problem agaangen ass, hu sech duerch ganz Europa Jonker zesumme gesat, déi motivéiert sinn, eppes ze änneren.

Hinnen ass et wichteg, dass d'Politik ufänkt de Klima-Problem als Problem ze gesinn an och eppes well änneren.
Youth for Climate Luxembourg geet elo hin an organiséiert de 15. Mäerz en Schülerstreik, bei deem alleguerten d'Schoulen am Land solle matmaachen.

Dëse Streik ass global a 40 Länner. Youth for Climate Luxembourg wëll awer net just dee Streik organiséieren, mä wëll dono och nach weider bestoen. Genau, wéi déi Jugendlech an den anere Länner, soe si och hei zu Lëtzebuerg: "Mir ginn op d'Strooss, bis dat sech eppes ännert".

Den Dialoge mam Educatiounsminister Claude Meisch wier een och am Gaang ze sichen, et wëll een nämlech, dass dësen Streik och vum Ministère ënnerstëtzt gëtt.

Et ass de Jonken och kloer, datt de Minister net einfach ka soen: "Ech ginn iech all Schoulfräi". Hie kann awer soen, datt hien de Mouvement ënnerstëtzt an deene Schüler, déi wëlle matgoen, och fräi gëtt. Hie kéint de Schüler dee Freideg vun 10 Auer, esou wéi d'Manif geplangt ass, da fräi ginn.

De 15. Mäerz ass eben dëse Schülerstreik, wou och eng sëlleche Riede gehale ginn.

Weider Informatiounen iwwert den Streik fënnt een ënner Youth for Climate Luxembourg op Facebook.

Youth for Climate Lëtzebuerg / Grousse Reportage Loïc Juchem

Back to Top
CIM LOGO