Place de la GarePolizist mat Béierfläsch beworf

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend géint 20.30 Auer huet eng Persoun eng gliese Fläsch Béier op e Beamte geschoss.
© Police

D'Fläsch ass beim Opprall futti gaangen, de Polizist gouf awer net blesséiert. Zeien hunn d'Police op den Täter opmierksam gemaach, dee sech aus dem Stëbs gemaach hat. Kuerz dorop gouf hie gepëtzt a protokolléiert.

Wéi am Bulletin vun der Police ze liesen ass, hat hien Droge consomméiert.

Back to Top
CIM LOGO