Stater GeriichtPolizist nees wéinst enger Kläpperei viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
Bannent kuerzer Zäit muss e Polizist sech eng zweete Kéier viru Geriicht veräntwerten, well hien an eng weider Kläpperei verwéckelt war.

Virun allem wéinst Coups et blessures volontaires steet zanter en Dënschdeg de Moien e Polizist vun 28 Joer nees an der Stad virun de Riichter. Nees, well de Mann Mëtt Juli eréischt wéinst enger Kläpperei, op Vältesdag 2016, virun enger Disko an der Stad zu 5 Méint Prisong mat Sursis veruerteelt gi war.

Elo kritt hien de Prozess gemaach, wéinst engem Virfall am November 2016, an enger anerer Stater Disko. Deemools war en anere Polizist vun 33 Joer sou vum Beschëllegten zerschloe ginn, dass dem Affer no Sequellë bloufen. Videobiller, déi am Prozess gewise goufen, beleeën eng 6 bis 7 Schléi bannent engen 10 Sekonnen.

Polizist nees wéinst Kläpperei viru Geriicht / Eric Ewald

"Ech si Polizist!" - "Nach ëmmer?" - "Jo, awer suspendéiert zanter November 2016!" - "Et huet een d'Tendenz ze mengen, dass déi eenzeg Plaz, wou Der net higehéiert, d'Police ass! Déi 1. Qualitéit vum Polizist ass awer déi, e bësse Selbstbeherrschung ze hunn!"

Mat deem Wuertgefecht tëscht der Presidentin vum Geriicht an dem Ugekloten, deen heifir zwee Méint an Untersuchungshaft souz, huet de Prozess en Dënschdeg de Moien ugefaangen. En Ugekloten, deen d'Faiten haut zouginn huet: D'Luuchte wäre bei him ausgaangen, woufir hie sech och entschëllegt huet.

Doropshin huet deen anere Polizist, d.h. d'Affer, ausgesot. Dat war mat der Ex-Frëndin vum Beschëllegten an der Disko. Wéi d'deemoleg Koppel dee Mann gesinn huet, sot si sech, si géife goen. Op eemol hätt een un der Fra gezunn, sot d'Affer, dat d'Fra bei sech gerappt an du schonn eng kritt hätt. Vun dono wéisst hien net méi vill, bis an d'Spidol, sou de Mann. Hien hätt eng Schank am Gesiicht gebrach gehat a géif haut eng 60 bis 80cm virum Gesiicht duebel gesinn, wat bleiwe géif. Nom Tëschefall hätt hien annerhalleft Joer Therapie gemaach.

Fir eng Geriichtsmedezinerin, déi d'Affer eng déck Woch nom Virfall gesinn hat, war, Stand 2016, net vu bleiwende Schied vum Affer auszegoen, well all d'Blessuren, Zitat, „neigen dazu zu heilen“. Wat d'Fro no enger zousätzlecher Expertise opgeworf huet. D'Ex-Frëndin vum Ugekloten huet nach erkläert, d'Relatioun mat deem Mann wär fir si am September eriwwer gewiescht. Hien hätt dat awer net sou richteg verstanen. D'Affer hätt der vill kritt, si och eng, an et wär alles voller Blutt gewiescht. De Me Philippe Penning, Affekot vum Affer, huet fir dee Mann ronn 102.500 € an de Me Marc Lentz, Affekot vun der Ex-Frëndin, 8.500 € Schuedenersatz fir si gefrot.

Dëse Prozess dierft e Mëttwoch op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO