Verweigerten AlkoholtestPolizisten zu Donkels mat enger Waff menacéiert - Spezialunitéit am Asaz

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 21 Auer gouf der Police zu Donkels e Won gemellt, deen duerch geféierlech Manöveren op sech opmierksam gemaach huet.
D'Police hat e gréissere Perimeter ëm d'Haus opgeriicht.
D’Police hat e gréissere Perimeter ëm d’Haus opgeriicht.
© Domingos Oliveira

Fir der Meldung nozegoen an eventuell de Chauffer op en ze héijen Alkoholpeegel ze testen, ass eng Patrull vun der Police bei de Besëtzer vum Won, dee gemellt gouf, heem gefuer. Hei hu si de Mann och ugetraff.

Dësen huet sech awer geweigert, en Alkoholtest ze maachen. Sengem Behuelen no war et de Beamten awer kloer, datt hien ugedronk war. Trotzdeem huet de Mann sech wéineg kooperativ gewisen, wéi d’Beamten him d’Prozedur wollten erklären: Hien huet hinnen einfach d’Dier virun der Nues zougeschloen.

D’Poliziste sinn zeréck an hire Déngschtauto gaangen, fir hei e Formular auszefëllen. An deem Ament koum de Mann nees zu der Dier eraus an huet mat enger Waff a Richtung vun de Beamte gezielt. Dës hunn direkt Schutz gesicht an hu Verstäerkung ugefuerdert.

© Domingos Oliveira

Mat Hëllef vun der Spezialunitéit konnt de Mann, deen antëscht nees zeréck am Haus war, dozou bruecht ginn, sech ze stellen. Bei der Perquisitioun vum Haus goufe verschidde Messer an dräi Loftdrockpistoulen, dorënner d’Waff, mat där de Mann op d’Beamte geziilt hat, fonnt a séchergestallt.

De Parquet huet d’Waffen an och den Handy vum Mann saiséiere gelooss a géint hie gouf Protokoll erstallt wéinst Rebellioun mat Waffebesëtz a Menacë géint d’Beamten. Well de Mann keen Alkoholtest wollt maachen, gouf him och nach de Permis ofgeholl. Nodeem d’Formalitéiten all gekläert waren, huet hien awer nees dierften heem.

Op der Plaz waren direkt e puer Unitéite vun der Police, dorënner d’Spezialunitéit an d’Hondsstaffel.

Back to Top
CIM LOGO