CGDISPompjeeën aus 4 Zentren bei Accident zu Näertrech am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Am Lokalen gouf et en mi uergt Verkéiersaccident en Dënschdeg den Owend kuerz no 18 Auer zu Näertrech.

Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Näertrech, Alebesch, Wolz a Wanseler, grad wéi d'Ambulanz vun Housen an de Samu vun Ettelbréck.

Detailer leien eis keng vir.

Géint 17.23 Auer gouf et nach en Accident an der Stad an der rue de Bouillon. Hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm an 1 Persoun gouf liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO