Mat hiren 18 Joer ass d'Schülerin vun enger 2e am ECG immens engagéiert, dat och schonn ier si sech fir de weltwäit gréisste Jugendprogramm ugemellt hat. Als Talent huet si sech Spuenesch erausgesicht, beim Benevolat engagéiert si sech beim Déifferdenger Turnveräin "Flic Flac" als Co-Trainerin a beim Sport mécht d'Monica Cheerleading bei de "Sweet Devils" zu Esch.
Wéi et dës Experienz erlieft a wat d'Monica vum Mérite Jeunesse alles mat op de Wee fir hiert spéidert Liewen hëlt, gesitt dir am Reportage.