Enn Oktober gouf hie fir säin Engagement vun der Handwierkerkummer ausgezeechent. Eng vun den Haaptaufgabe vun der Firma ass et, fir Privatautoen oder Camionnettë behënnertegerecht ze maachen.
Deen neiste Projet ass, aus Basiscamionnettë Camperen ze bauen. Déi Iddi koum dem engagéierte Patron wärend der Pandemie. Bis 140 Autoen a Camionnettë ginn am Joer vum Nazih Trad senger Firma ëmgebaut.