Visitt zu LëtzebuergPortugisesche President António José Seguro am enke Kontakt mat der portugisescher Communautéit

Lisa Weisgerber
No den offiziellen Usproochen hunn den António José Seguro a seng Fra, Margarida Freitas, sech Zäit geholl, fir mat de Leit ze schwätzen an Erënnerungsfotoen ze maachen.
Suitte vun der offizieller Visitt vum Portugisesche President zu Lëtzebuerg.
De Sonndeg stoung ganz am Zeeche vum enke Kontakt mat der Portugisescher Communautéit.

Den zweeten Dag vun der offizieller Visitt vum portugisesche President, um Sonndeg dann och zesumme mam portugisesche Premier Minister Luís Montenegro. De Fokus loung op der portugisescher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg. Dat konnt een och e Sonndeg de Mueren am Kulturzentrum Artikuss zu Zolwer gesinn, wou den Dag ugefaangen huet. Do stoung virun allem d'Renconter mat der portugisescher Communautéit an hirer jonker Generatioun am Mëttelpunkt.

Bei senger Arrivée gouf de President an de Premierminister net nëmme vun der Buergermeeschtesch vu Suessem, der Madamm Simone Asselborn-Bintz begréisst. Och d'Kanner aus de portugisesch Coursen hunn de President a Premierminister häerzlech empfaangen. Am Kader vum Projet "Para mim, Portugal é…“, wat iwwersat heescht "Fir mech ass Portugal…" : hunn d'Schüler hir perséinlech Visioun vu Portugal presentéiert. Fir dëse Projet hate si Texter ausgeschafft, an deene si beschreiwen, wat Portugal fir si bedeit a wéi si hir Relatioun zu hirem Ursprongsland erliewen, och wa si am Ausland wunnen.

Dëse Projet gouf speziell lancéiert fir d'Renconter mam President, erkläert d'Mónica Bastos, d'Coordinatrice de l'Enseignement portugais au Benelux. D'Initiativ soll de Kanner d'Méiglechkeet ginn, iwwer hir portugisesch Identitéit nozedenken an auszedrécken, wéi eng Biller, Erënnerungen a Wäerter si mat Portugal verbannen.

Dat Wuert wat am meeschte ervirkomm ass, ass d'Famill, déi vill vun de Kanner a Portugal huet. Ee flotte Moment war, wéi eent vun de Kanner gesot huet, dass fir hie Portugal wier, de President kënnen ze léieren a vun him eng Emaarmung ze kréien. Dëse Wonsch gouf him dann och vum President Seguro erfëllt. No der Presentatioun vum Projet krut de President dann och nach ee Buch geschenkt, an deem all d'Biller vun de Kanner dra sinn.

No den offiziellen Usproochen hunn den António José Seguro a seng Fra, Margarida Freitas, sech Zäit geholl, fir mat de Leit ze schwätzen an Erënnerungsfotoen ze maachen. Vill Membere vun der Communautéit hunn hire Stolz ausgedréckt. Eng jonk Fra huet erkläert, datt hir Grousseltere viru bal 50 Joer op Lëtzebuerg komm sinn an datt si frou wier, hir Hierkonft esou positiv vertrueden ze gesinn. Anerer hunn ervirgehuewen, datt eng Begéinung mam portugisesche Staatschef eng eemoleg Erfarung wier, déi hinnen nach laang a gudder Erënnerung bleiwe wäert.

Nom Besuch zu Zolwer ass d'Delegatioun an d'Philharmonie op de Kierchbierg weider gereest. Do huet eng grouss Begéinung mat der portugisescher Communautéit stattfonnt, dëst a Presenz vum Ierfgroussherzog Guillaume. A senger Ried huet de President Seguro Lëtzebuerg Merci gesot fir den häerzlechen Accueil a betount, datt hie sech wärend sengem Openthalt bal wéi doheem gefillt hätt.

Am Kader vun der Manifestatioun gouf den Entrepreneur Orlando Pinto mam Ordre du Mérite Entrepreneurial ausgezeechent. De Präis gouf him vum portugisesche President perséinlech iwwerreecht als Unerkennung fir säin Engagement a seng berufflech Leeschtungen. Fir den Ausgezeechente war dës Éier eng grouss Motivatioun a gläichzäiteg eng Belounung fir seng laangjäreg Aarbecht.

Nieft dem President Seguro hunn och de Premierminister Luís Montenegro an de President vun der Organisatiounskommissioun fir d'Commemoratioune vum Portugal-Dag, Miguel Monjardino, Rieden un d'Communautéit gehalen.

Den offiziellen Deel vun der Visitt ass mat engem Concert vum portugisesche Sänger a Komponist António Zambujo ofgeschloss ginn. Domat ass en Dag op en Enn gaangen, deen am Zeeche vun der portugisescher Kultur, der Identitéit an de staarke Bezéiungen tëscht Portugal, Lëtzebuerg an der portugisescher Communautéit am Grand-Duché stoung.

Back to Top
CIM LOGO