Parlamentaresch FroPräis vum Juegdschäin gouf vun 150 op elo 230 Euro gehéicht

RTL Lëtzebuerg
Dees ware sech d'Vertrieder vun der Jeeërfederatioun a vun der Naturverwaltung eestëmmeg eens.
© AFP (Archiv)

Dat am Kader vum "Comité de suivi du fonds spécial indemnisation dégats gibier", an deem d'Jeeër an d'Naturverwaltung all Kéier mat 3 Member vertruede sinn.

Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Léon Gloden.

D'Ministesch verweist op den Exposé des motifs vum concernéierte Règlement grand-ducal, wat d'Hannergrënn vun dëser Hausse ugeet. Wéi et hei heescht, goufen et déi lescht 2 Joer vill méi Demandë fir Remboursementer wéinst Wëldschued, déi aus dem Fong bezuelt ginn, deen duerch d'Juegdschäiner alimentéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO