StatecPräisdeierecht goung am Mount Juli vun 0,7% op 0,9% erop

RTL Lëtzebuerg
Pëtrol a Reese gi méi deier, Präisser fir frëscht Geméis a Kleedung falen.

Wéi de Statec e Mëttwoch an engem Schreiwes matgedeelt huet, ass den Inflatiounstaux hei zu Lëtzebuerg ëm 0,2 Prozentsätz, vun 0,7% op 0,9% geklommen.

Am Verglach zu dem Mount virdrun ass et awer e liichte Réckgang vun 0,5% vun der Präisdeierecht am Mount Juli, dat wéi all Joer traditionell wéinst de Summersolden. Den Effekt vun de Solden a Kombinatioun mat dem Eraushuele vun de Produiten a Relatioun mam Pëtrol mécht, datt bei dem Rescht vun de Produiten a Servicen eng Hausse vum Inflatiounstaux vun 0,1% ze observéieren ass.

Extrait aus dem Schreiwes
Extrait aus dem Schreiwes
© Statec

Am Juli 2020 haten d'Auswierkunge vun der Kris ronderëm de Covid-19 dann och just marginal Repercussiounen op d'Präisdeierecht. Virun allem sinn d'Präisser am Tourissem eropgaangen, dat virun allem fir Reesen a Fluchbilljeeën. D'Präisser vu frëschem Geméis, Kleeder a Schong goungen iwwerdeems no ënnen.

PDF: Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO