"Fair Price"-ChartaPräisser fir d'Fléien 2022 am Stäerkste geklommen

RTL Lëtzebuerg
Donieft sinn d'Präisser fir Opnamgeräter a Kameraen am stäerkste gefall, wéi de Konsumenteschutzministère e Méindeg an engem Schreiwes matdeelt.

Den dofir zoustännege Consommatiounsrot hätt an 63 Kategorië vu Gidder a Servicer Präishaussen an a 5 Kategorië staark Baissë bei de Präisser festgestallt.

Deemno ass de Präis fir de Persounentransport mam Fliger bal ëm e Fënneftel an d’Luucht gaangen - Hannergrënn wieren hei engersäits d’Entwécklungen um Energiemaart an anerersäits den Impakt vun der Corona-Pandemie déi 2 Joer virdrun. Exzessiv Präishaussë wieren awer keng festgestallt ginn am Joer 2022.

D’Handelsconferedatioun CLC, d’Handwierkerfederatioun an d’Horesca hu sech 2008 engagéiert, fir d’Präisser wärend Zäite vun héijer Inflatioun net iwwerdriwwen an d’Luucht ze setzen, doru gouf sech deemno zejoert och gehalen.

D’Konklusioune vum Consommatiounsrot iwwer d’Anhale vun der “Fair Price"-Charta am Joer 2022.

Back to Top
CIM LOGO