Op dësem Wee wëll ee spezialiséiert Medezin aus dem Spidol dezentraliséieren a méi no bei de Patient bréngen. Esou kommen Orthopeden, Dokteren aus der Geriatrie, Gynekologen an aner Spezialisten eng Woch iwwert déi aner op Miersch an op Gréiwemaacher consultéieren.
En eegent Lokal hunn d'Spezialisten vum CHL zu Gréiwemaacher nach net. De Praxiszenter gouf lo mol an engem Labo ënnerbruecht an huet och schonn eng Rei Patienten.
D’Angiologin Katja Lottermoser ass ee vun de Dokteren, déi bis ewell ee Mol de Mount op d’Musel kommen. D'Spezialistin gesäit vun Diabetiker iwwer Leit mat Häerz- oder Niereproblemer ganz vill verschidde Patienten.
A mat de Generalisten hätt ee sech och ofgeschwat, wéi eng Spezialisatiounen an hirem Eck gebraucht ginn, fir déi medezinesch Offer an de Praxiszentren ze bestëmmen a gläichzäiteg de lokalen Dokteren net onnéideg Konkurrenz ze maachen, esou d’Directrice médicale vum Centre Hospitalier.
An de Praxiszentre kënnen och kleng lokal Agrëffer gemaach ginn, wéi ënnert anerem Warisse-Behandlungen. Hinne géing e Basismaterial fir sou Behandlunge zur Verfügung stoen. Si gréisser Ënnersichungen oder Agrëffer néideg, muss de Patient dann awer an d’Spidol goen. Vu dass bis elo just eng Woch am Mount Consultatioune sinn, ass och nach kee Sekretariat an de Praxiszentren installéiert. De Rendez-vous bucht de Patient online oder iwwer Telefon.
Déi éischt Erfarungswäerter wäre positiv: D'Consultatioune wäre gutt besicht an d'Patiente wiere frou, sech net wäit mussen ze deplacéieren.
No 6 Méint soll en éischte Bilan gezu ginn. Ass d’Nofro grouss genuch, soll d'Offer vu Consultatiounen eropgesat ginn. Op Dauer kéinten och Praxiszentren am Norden an am Westen opgemaach ginn.
D'Hopitaux Robert Schuman plangen iwwerdeems och medezinesch Servicer ausserhalb vun hire Spideeler unzebidden.
Mat deem um Potaaschbierg, wou en Zenter fir Medeziner gebaut gëtt, huet de Spidolsgrupp zwar näischt direkt ze dinn. Allerdéngs wëll een hei Rëntgenapparater, Ultraschall an e weideren IRM stationéieren, dee vun enger hauseegener Ekipp soll bedriwwe ginn.