Déi Conclusioun zéien d’Fuerscher vum Liser am Observatoire Social vum Joer 2022.
D’Brutto-Akommes ass zwar am Verglach zu 2019 ëm 15 Prozent an d’Luucht gaangen, allerdéngs hunn och méi wéi 12 Prozent méi Leit de Revis kritt. Bal e Fënneftel vun den Awunner zu Esch kruten 2022 d’Allocation de vie chère. Dat sinn der duebel sou vill, wéi am nationalen Duerchschnëtt.
De Chômage war 2022 liicht méi niddereg wéi 2019, d’Faillitte louchen op engem änlechen Niveau. Allerdéngs steet d’Südgemeng och virun Erausfuerderungen, notamment wéinst Wunnengspräisser, déi an där Zäit ëm knapp 50 Prozent an d’Luucht gaange sinn, sou d’Valérie Feltgen vum Fuerschungsinstitut Liser.
“D’Zënstauxen, déi ginn ëmmer méi héich an d’Offer geet erof a gläichzäiteg, do sinn d’Präisser awer immens héich an eng aner Erausfuerderung ass och, datt d’Zuel vun de Leit, déi de Revis kréien oder d’Allocation de vie chère, déi sinn eropgaangen a jo, zu Esch ginn ëmmer méi Leit, déi ënner der Prekaritéit sinn an déi héich Inflatioun, déi hëlleft net, datt an där Hisiicht d’Situatioun an noer Zukunft wäert besser ginn.”D’Brutto-Akommes ass zwar am Verglach zu 2019 ëm 15 Prozent an d’Luucht gaangen. Allerdéngs hunn och méi wéi 12 Prozent méi Leit de Revis kritt. Bal e Fënneftel vun den Awunner zu Esch krut 2022 d’Allocation de vie chère, duebel sou vill wéi am nationalen Duerchschnëtt.
Den Escher CSV-Sozialschäffe Christian Weis schwätzt vu verschiddenen Hiewel, un deenen d’Gemeng kéint usetzen.
“Déi Servicer, déi mer als Gemeng ubidden a wann do eng Facturatioun domadder verbonnen ass, ob een do sozial Krittären zum Beispill ka mat eraspille loossen a d’Präisser. Ech mierken zum Beispill, dass mer wäerte bei der Generatioun, déi elo tëschent fofzeg a siechzeg Joer ass, dat heescht déi nächst Generatioun vun de Pensionnairen, dass déi relativ déift Akommes hunn dat heescht vu mer Servicer hunn fir Senioren dass mer do mussen d’Präisser adaptéieren.”
D’Zesummenaarbecht mat Acteure wéi Stëmm vun der Strooss a Medecins du monde misst och verstäerkt ginn. An den Ae vum CSV-Schäffe wier déi méi héich sozial Prekaritéit awer net op d’Sozialpolitik vun der schwaarz-gréng-bloer Majoritéit zréckzeféieren. Decisiounen zu der Besetzung vu Sozialbüroen, Revis an Allocation vie chère géingen um nationalen Niveau geholl ginn an och déi verhältnisméisseg niddereg Loyeren an dicht besidelt Quartiere géingen eng Roll spillen.