
Am Moment gëtt no der presuméierter Abriecherin gesicht. Och de Policehelikopter an d’Hondsstaffel sichen no der Fra.
Persoune-Beschreiwung vun der Police:
Wann een eng verdächteg Persoun gesäit, soll een den 113 uruffen. D’Police réit dovun of Persounen am Raum Stadbriedemes matzehuelen.
Zu Esch gouf e Mëttwoch kuerz virun 18 Auer eng Fra gewaltsam Iwwerfall, si gouf dobäi um Kapp an am Gesiicht blesséiert. E Mann war hir nogaangen, wéi si an e Méifamilljenhaus ergaangen ass an hat probéiert, hir Posch ze klauen. Dobäi huet hie si mat der Fauscht geschloen an op de Buedem gehäit. Nodeem et den Ugräifer gelonge war, de Portmonnie aus der Posch ze klauen, ass hie fortgelaf. D’Police war awer séier op der Plaz a konnt de Mann no enger kuerzer Sich erëmfannen. Op Uerder vum Parquet gouf hie verhaft a koum en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Da mellt d’Police, datt e Mëttwoch den Owend dräi Leit wéinst Drogenhandel an der Stad verhaft goufen.
Zu Angelduerf ass en Donneschdeg géint 14.15 Auer an engem Akafszenter een Déif erwëscht ginn. D’Sécherheetsleit konnten de Verdächtege stellen, dee probéiert hat, sech mat Wueren am Wäert vu ronn 170 Euro laanscht d’Kees ze schläichen. De Verdächtegen ass Widderhuelungstäter a gouf op Uerder vum Dikrecher Parquet festgeholl.