
Wéi d’Beamten de Mann kontrolléiert hunn, hu si 18 Gramm Haschisch bei him fonnt. An der Suite huet d’Police erausfonnt, datt de Mann déi séchergestallten Droge bei enger Fra, déi do wunnt, kaf soll hunn. Wéi si d’Wunneng vun der Fra duerchsicht hunn, goufen 0,5 Gramm Methamphetamin, ronn 300 Gramm Haschisch, eng gréisser Zomm Boergeld an divers Drogenutensilie fonnt.
D’Drogen, d’Boergeld, dräi Handyen, ee Laptop an een Tablet goufe saiséiert an déi presuméiert Drogendealerin gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum de 25. Dezember virun den Untersuchungsriichter.