SchierenPresuméierte Kapen-Déif festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie gouf der Police gemellt, datt een Déif Géigestänn aus enger Camionnette an der Cité Peteschdeld zu Schieren matgoe gelooss hätt.

Déi beklaute Persoun aus dem Verdächtegen nach bis an d’Rue du Canal nogelaf, huet en do awer aus den Ae verluer. E bësse méi spéit gouf de Verdächtege mat engem weidere Mann gesinn. Si sinn an e Bus a Richtung Colmer-Bierg geklommen, wou si och nees erausgeklomme sinn.

Op engem Vëloswee an der Géigend konnte béid Männer du letztendlech gestallt ginn.

An enger Akafstut gouf eng Kap séchergestallt, déi der geklauter Persoun gehéiert huet. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Déif, deen an der Cité Peteschfeld dobäi gesi gouf, wéi hien d’Camionnette duerchwullt huet, festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO