ËlwenPresuméierten Drogendealer bei Kontroll am Zuch festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Den 20. November huet d'Police mat der Hondsstaffel eng Kontroll op der Gare an an den Zich zu Ëlwen duerchgefouert.
© RTL Archiv

Bei enger Persoun goufen 8 Kugelen Heroin, eng kleng Quantitéit u Cannabis an eng gréisser Zomm Boergeld fonnt.

Bei der Perquisitioun Doheem gouf dunn eng gréisser Quantitéit Heroin an nach eemol e wéineg Cannabis séchergestallt.

Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege Mann festgeholl. D'Suen an d'Droge goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO