
Wéi et am Police-Bulletin heescht, war d'Police nämlech wéinst Vandalismus um Gebai an der Rue de Bonnevoie geruff ginn. Hei hunn d'Beamten dann eng Persoun an enger Wunneng ugetraff, déi am Gaange war mat 3 anere Persounen illegal Substanzen ze consomméieren. Wéi d'Männer mat op de Büro sollte goen, huet eng Persoun probéiert sech aus dem Stëbs ze maachen, ma gouf awer am Trapenhaus vun der Police gestoppt.
Bei enger Perquisitioun vun der Wunneng goufe keng weider Droge fonnt, wéi déi, déi ufanks scho fonnt goufen. Heibäi gouf och en Drogenhond vun de Beamten agesat. De presuméierten Dealer huet sech de Beamte géigeniwwer dann och aggressiv an onkooperativ verhalen.
De Parquet huet de Mann festhuele gelooss, hie koum kuerz drop op Schraasseg an de Prisong a koum e Freideg wéinst Verdacht op Drogenhandel virun den Untersuchungsriichter. Am Ganzen 20 Gramm Kokain, e wéineg Cannabis, Geld an en Handy goufe saiséiert.