GréiwemaacherPresuméierten Täter no Menace mat Messer gestallt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet sech eng Persoun géint 19.50 Auer bei der Police gemellt, déi zu Gréiwemaacher vun engem Mann mat engem Messer menacéiert gouf.

Wéi d’Police en Donneschdeg mellt, konnt de presuméierten Täter bei der Sich gestallt ginn. Donieft huet sech erausgestallt, datt hien och d’Pneue vun engem Auto zerpickt huet.

Bei der Perquisitioun, déi vum Parquet ordonéiert gouf, konnten d’Beamten déi presuméiert Waff sécherstellen. Weider Ermëttlunge goufe lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO