Paulette Lenert vun der LSAP"Prett" fir Responsabilitéit z'iwwerhuelen

RTL Lëtzebuerg
Am RTL-Interview seet sech d'Paulette Lenert bereet, fir no de Chamberwale Premierministesch ze ginn. Inhaltlech zitt si iwwerdeems eng kloer rout Linn.
Paulette Lenert vun der LSAP am RTL-Interview
“Prett” fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen

D’Paulette Lenert ass prett fir no de Chamberwalen den 8. Oktober Responsabilitéit z’iwwerhuelen. Als Spëtzekandidatin vun enger Partei wéi der LSAP misst een och bereet sinn, de Poste vum Premier unzehuelen. A wéi enger Regierungskoalitioun dat kéint sinn, do wollt sech d’Paulette Lenert net ze déif an d’Kaarte kucke loossen. Si wollt keng Partei ausschléissen, mee si huet awer kloer gemaach, wéi eng Inhalter fir si wichteg sinn.

Problemer mat verstäerkter Privatiséierung vum Gesondheetswiesen

No roude Linne gefrot, sot d’Paulette Lenert, datt si Problemer mat enger verstäerkter Privatiséierung vum Gesondheetswiesen hätt. Et dierft ee keng zwou Klasse vu Patiente kréien. Rezent Aussoe vun CSV-Politiker zu deem Thema géingen hir ze denke ginn. Et misst een awer d’Walprogrammer ofwaarden. Mat Bléck op de Choix vun der CSV, de Luc Frieden zum Spëtzekandidat ze bestëmmen, huet d’Vize-Premierministesch gemengt, datt hien een interessante Profil hätt an Erfarung a Motivatioun matbrénge géing. Et kéint ee sech awer d’Fro stellen, firwat et net méiglech war an där laanger Oppositiounszäit aktiv Politiker opzebauen, déi als Spëtzekandidat a Fro kéimen.

Nuancéiert ass net “zögerlech”

Op hire perséinleche Politikstil ugeschwat, huet d’Paulette Lenert et schued fonnt, datt hir méi nuancéiert Art a Weis dacks als “zögerlech” bezeechent géing ginn. Si wéilt sech op alle Fall och an Zukunft trei bleiwen.

Am Sprint vun der Quereinsteigerin zur Spëtzekandidatin

Neijoerschpatt vun der LSAP. Endlech seet d’Paulette Lenert déi Wieder, op déi hir Partei esou laang huet misste waarden: “Ech si prett fir d’LSAP, zesumme mat menger Partei an dës Walen ze goen.”

En halleft Joer virdru wollt si vun enger Spëtzekandidatur nach näischt wëssen. Obwuel d’Hoffnungen an den Drock an der LSAP enorm waren.

Dobäi stoung d’Partei net ëmmer esou geschlossen hannert der Paulette Lenert. No de Walen 2018 demissionéiert de Kommitee vun de Jongsozialisten am Bezierk Osten, well net déi gewielten Tess Burton zu Minister-Éiere komme soll, mä eben d’Paulette Lenert. Um Enn iwwerhëlt si trotzdeem d’Ministèrë fir humanitär Hëllef a fir Konsumenteschutz. Och wann hir Ressorten net zu deenen zielen, mat deenen ee vill ëffentlech Opmierksamkeet kritt, kann déi fréier héich Beamtin regierungsintern mat gudder Dossiersaarbecht iwwerzeegen.

Dem Etienne Schneider säi Récktrëtt als Chance

Am Februar 2020 zitt sech den Etienne Schneider komplett aus der Politik zeréck. De Franz Fayot iwwerhëlt d’Ekonomie, an d’Paulette Lenert wiesselt an d’Santé. Dass si en anere Stil wéi hire Virgänger fleegt, gëtt séier kloer.

Wat do awer nach kee weess: de Gesondheetsministère sollt sech an de Wochen a Méint duerno zum absolutte Schlësselressort entwéckelen. Wärend der Corona-Pandemie kann d’Paulette Lenert sech als Krisemanagerin profiléieren. Si ass omnipresent. Wärend de Premier Xavier Bettel déi grouss politesch Ligne virgëtt, ass si fir d’Zuelen a wëssenschaftlech Fakten zoustänneg. Bei de Wieler kënnt dee frësche Wand gutt un. Beléiftste Politikerin am Politmonitor, als éischte Fra iwwerhaapt, an dat nach virum eegene Parteikolleeg Jean Asselborn.

Op d’mannst an de Sondage geet et fir d’LSAP erëm biergop. An der leschter Sonndesfro, am November 2022, schneiden d’Sozialisten als zweetstäerkste Partei of, hannert der CSV awer erëm virun der DP.

Paulette Lenert: Vun Null op Honnert an d'Politik
D’Paulette Lenert kéint déi éischt Premierministesch vu Lëtzebuerg ginn. Hir Partei, d’LSAP, steet voll hannert hier.

Back to Top
CIM LOGO