
Den CSV-Deputéierte Léon Gloden hat eng entspriechend parlamentaresch Fro gestallt. De Prisonéier hätt den Owend viru sengem Doud keng Unzeeche vun engem Malaise gewisen an hätt och an der Nuecht net den internen Alarm-Knäppchen declenchéiert, mat deem d’Giischtercher kënne geruff ginn. Den Alarmsystem MEDILOG hätt och fonctionéiert.
De Mann wier moies einfach dout a sengem Bett fonnt ginn.
De Prisonéier war zanter dem 3. Mee zu Giwenech a war am Juni direkt dräimol an d’Urgence bruecht ginn, ma konnt d’Spidol awer ëmmer nees no e puer Stonne verloossen. Een Doktesch-Certificat hätt hien och “apte à la détention” deklaréiert, sou dass keng weider Mesuren néideg gewiescht wieren, erkläert d’Ministesch weider.