
Dat deelt d’Prisongsverwaltung mat. D’Justizautoritéite goufen informéiert an et gouf eng Autopsie ordonéiert.
Op der Plaz waren d’Ombudsman Claudia Monti an hirer Qualitéit als extern Kontrollerin, Leit vun der Prisongsdirektioun sou wéi d’Police an en Dokter. Zu Giwenech ass jo eng hallef-oppe Prisongsstruktur mat Plaz fir bësse méi ewéi 100 Leit.
Bei de Kolleege vum Tageblatt war e Méindeg de Moien ze liesen, dass sech, schonn ier den offiziellen Communiqué e Sonndeg koum, en Detenue vu Giwenech an hirer Redaktioun gemellt hat, an nawell haart Kritik um Ëmgang mam Verstuerwenen geäussert huet.
De Mann wier scho méi laang an engem ganz schlechten gesondheetlechen Zoustand gewiescht an hätt um Virowend vu sengem Doud och e puer mol den Alarm-Knapp gedréckt. Hëllef oder medezinesch Beuechtung hätt hien awer net genuch kritt, esou de Reproche.
Décès d’un détenu au Centre pénitentiaire de Givenich (02.07.2023)
Communiqué par : Administration pénitentiaire
Le matin du 2 juillet 2023 vers 6h40, un détenu a été retrouvé sans vie dans sa cellule au Centre pénitentiaire de Givenich (CPG) par les agents pénitentiaires.
Les autorités judiciaires ont été informées et une autopsie a été diligentée. Les membres de famille ont été notifiés du décès du détenu.
L’Ombudsman en sa qualité de contrôleur externe des lieux privatifs de liberté, le directeur adjoint de l’Administration pénitentiaire, le directeur du Centre pénitentiaire de Givenich, la police grand-ducale et un médecin expert judiciaire étaient sur les lieux.