Gréisser Drogenaffär zu EschPrisongsstrofen tëscht 2 a 5 Joer fir 15 Ugeklote gefrot

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess ëm eng gréisser Drogenaffär sinn en Donneschdeg um Stater Geriicht Prisongsstrofen tëscht 2 a 5 Joer fir déi 15 Ugeklote gefrot ginn.
© RTL Archivbild

Déi héchst Strof soll dobäi fir d'Patronne vun engem Café sinn, déi dee fir den Handel mat Droge soll zur Verfügung gestallt hunn. De Café soll dann och zougemaach ginn.

Am Oktober zejoert war et no bei der Escher Gare zu enger spektakulärer Drogerazzia komm. Do virdrun hat d'Police déi direkt Noperschaft vum Café e puer Woche laang observéiert.

D'Urteel ass fir den 23. Januar.

RTL NEWS: 130 Polizisten un Aktioun géint Drogemilieu bedeelegt, 8 Leit verhaft
RTL NEWS: Gouf an engem Café oder just virdru mat Drogen gedealt?

Back to Top
CIM LOGO