Ë.a. Scanner oder MammographiePrivaten Imagerie-Cabinet verrechent héich an net remboursabel Supplementen

RTL Lëtzebuerg
Zanter zejoert bitt eng privat Praxis zu Esch Imagerie-Ënnersichungen un, och am Scanner an an der Mammographie. D'Ministesch warnt virun dësem Virgoen.
Privaten Imageries-Cabinet verrechent héich, net remboursabel Supplementen
Zanter zejoert bitt eng privat Praxis zu Esch Imageries-Ënnersichungen un, och am Scanner an an der Mammographie.

Dëst si schwéier medezinesch Apparater, déi u sech just vu Spideeler dierfe bedriwwe ginn. Oder a Praxissen, déi eng Konventioun mat engem Spidol hunn. Beim Bedreiwer zu Esch ass dat net de Fall. Dat bedeit, datt d’Patiente fir Mammographië beispillsweis, kee Remboursement vun der CNS zegutt hunn. An dësem konkrete Fall huet d’Gesondheetskeess sech awer an de leschte Méint tolerant gewisen. Dat well de Bedreiwer mam CHEM Gespréicher opgeholl hat, fir eventuell eng Konventioun ofzeschléissen. Bei geneeër Analys sinn ënner anerem bei 24 Mammographie-Facturë Supplementen opgefall. A Form vu sougenannte CPen, also Convenance-personnellen, déi inkoherent wieren oder guer net existéieren, esou d’CNS. “D’Leit, déi dohinner ginn, gesinn duerno beim Remboursement,datt se 50-80-90, heiansdo och 120 Euro net vun der Krankekeess zréckbezuelt kréien, well déi Supplementen eben net virgesi sinn an de Statutte vun der Krankekeess”, erkläert d’Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sécurité Sociale.

Ëm en einfache Facturatiounsiertum schéngt et sech awer hei net ze handelen. D’CNS hätt de Bedreiwer drop higewisen, datt déi Supplementen net dierfte facturéiert ginn, wouropshin dëse geäntwert hätt, et misst een déi verrechnen, well ee soss net rentabel wär.

Hygie Group, d’Firma, där den Imagerie-Cabinet gehéiert, wollt sech op RTL-Nofro net zum Sujet äusseren.

Commission de surveillance mam Dossier befaasst

Sécherheetsbedenke fir d’Patiente gesäit d’Martine Deprez den Ament net. D’Apparater wieren all vun der Radioprotection vun der Santé ugeholl ginn.

“Et ass en Abus administratif. Soulaang Patienten net geschiedegt ginn, an deem Sënn, datt hir Gesondheet a Gefor ass, wäerte mer dat do nach kucken, bis de CHEM definitiv decidéiert, datt si näischt wëlle mat hinnen ze dinn hunn”, seet d’Ministesch. “Da musse mer méi drastesch virgoen, mee do musse mer da mam Service juridique kucken, wat fir Moyene mer hunn, opgrond vum Gesetz.”

Hygie iwwerdeems géif behaapten, d’Patienten am Virfeld iwwer d’Zousazkäschten ze informéieren.

Ob d’Facturatioune mat den héije Supplemente legal sinn, soll d’Commission de Surveillance beurteelen. D’CNS huet si viru kuerzem mam Dossier befaasst. Méi wéi Strofen oder Amendë wieren an deem Fall awer net ze erwaarden, esou d’Martine Deprez. Déi kéint de Bedreiwer jo dann dem Client a Form vu Supplementen nees verrechnen.

Eng Konventioun mam CHEM?

D’lescht Joer wären et tëscht dem CHEM an Hygie e puer Kontakter ginn, confirméiert den Dr. René Metz, Generaldirekter vum Escher Spidol: “A mir hunn hinnen als Hausaufgab ginn, fir eis eng Propositioun ze maachen, wéi déi Zesummenaarbecht och um finanzielle Volet kéint ausgesinn. A mir waarden do nach ëmmer op eng Äntwert.” Et wär een oppen un den Dossier erugaangen, mee d’Spidol selwer hätt den Ament keng spezifesch Demande. Et wär evident, datt eng Zesummenaarbecht just fonctionéiere kéint, wann d’Spidol d’Soen hätt, ënnersträicht den Dr Metz.

Kloer schéngt elo schonn, datt d’Hygie-Group, hannert där eng Finanzgesellschaft stécht, eisen Tarifikatiounsmodell erausfuerdert zugonschte vun enger Zwou-Klasse-Medezin.

Ëmmerhi wëll ee seng Aktivitéiten am Land ausbreeden, deemnächst och zu Hollerech. Op engem Lokal an der Escher Strooss peche grouss Publicitéitsstickeren a Recrutementsofferen.

Back to Top
CIM LOGO