GeneratiounswiesselPrivatwënzer: Krier a Konsbruck nei Co-Presidenten

RTL Lëtzebuerg
Den Erny Schumacher stoung 28 Joer laang un der Spëtzt vun den Privatwënzer. Elo ginn et direkt zwee Nofollger.
Privatwënzer: Krier a Konsbruck nei Co-Presidenten
Den Erny Schumacher stoung 28 Joer laang un der Spëtzt vun den Privatwënzer. Elo ginn et direkt zwee Nofollger.

Mam Guy Krier an dem Jeff Konsbruck gouf et elo e Generatiounswiessel am Comité vun de Privat Wënzer. De Guy Krier huet 1993 d’Domaine vu sengen Elteren iwwerholl. Op 14 Hektar produzéiert hie Bio-Wäin a Cremant an ass domadder ee vun de gréisste Bio-Betriber op der Musel. Zenter 10 Joer war hien elo de Vize-President vun de Privat Wënzer, als Co-President wëll hien awer just 4 Joer bleiwen.

De Jeff Konsbruck ass dogéint relativ nei am Geschäft. Seng Elteren hate Wéngerten, ma hunn d’Drauwen awer un e Produzent verkaf. De Jeff Konsbrück huet 2013 dunn eng nei Kellerei opgemaach a mécht elo säin eegene Wäin. Fir de Lëtzebuerger Wäin an Zukunft nach besser ze promouvéiere wëll de Jeff Konsbrück Konzepter, déi an der Vergaangenheet gutt funktionéiert hunn, weider ausbauen. Och misst een an Zukunft méi op den Export setzen a sech iwwerleeën, wéi een déi auslännesch Communautéiten hei am Land besser erreeche kann. D’Lëtzebuerger Clientë kennen, kafen an drénken de Miseler Wäin ... d’Expats dogéint misst een nach op de Goût bréngen.

Back to Top
CIM LOGO