Dr. Thomas DentzerPro Mount sollen 100.000 bis 150.000 Schnelltester geliwwert ginn

Annick Goerens
Ier all Mënsch, dee sech wëll impfe loossen, seng Dosis Vaccin krut, dauert et nach e bëssen.
Déi nei Schnelltester
Lëtzebuerg huet eng 900.000 Schnelltester bestallt, pro Mount sollen der 100.000 bis 150.000 kënne geliwwert ginn.

Bis dohinner spillen Tester a vläicht och Schnelltester eng ëmmer méi wichteg Roll. Um Maart gëtt et eng Hellewull Schnelltester a verschiddene Formen. Hei am Land gouf eng Mark zeréckbehalen, déi och an onofhängegen Etüden am Ausland gutt ofgeschnidden huet. Dovunner goufen der 900.000 bestallt. Pro Mount sollen eng 100.00 bis 150.000 geliwwert ginn, well ee se net all direkt op e Koup bräicht, erkläert de Virolog Dr. Thomas Dentzer vun der Santé. Hien ass och an der Covid-Krise-Cellule vun der Santé fir alles, wat d'Tester ugeet, zoustänneg.

Déi lescht Woche goufen an e puer ausgewielte Secteuren déi éischt Schnelltester agesat. Och wann am allgemengen ëmmer vu Schnelltester geschwat gëtt, handelt et sech awer net ëmmer em déi selwecht Zort vun Test.

Den Dokter Thomas Dentzer: "E Schnelltest ass eigentlech e Begrëff, deen heescht, en Test ass schnell gemaach. Dat heescht awer net, wat fir eng Zort et ass. Et gi PCR-Tester, déi mer jo kennen aus dem Large Scale a wann dir krank sidd, do ginn et der och, déi méi schnell gemaach ginn, an déi nennt een dann och Schnelltester. Heescht dat, ass bëssen "misleading" heiansdo an do muss een definéieren. Et ginn dräi Zorte Schnelltester: PCR-Tester, Antigentester an Antikierpertester."

Et sinn elo dës éischt 100.000 bis 150.000 Tester, déi aktuell a Pilotprojeten an Altersheemer, Spideeler an zanter leschtem Samschdeg och um Findel agesat ginn. Zanter Mee konnt een do jo ee PCR-Test maache loossen, wann een aus enger Vakanz erëmkomm ass. An zanter leschter Woch also och zousätzlech Antigen-Schnelltester. Et ass e Pilotprojet, erkläert den Dokter Thomas Dentzer.

Extrait Thomas Dentzer (1)

"Éischtens mol fir ze kucken, wéi kréie mir déi um Terrain méi large scale gemaach. Dat ass e groussen Challenge. An och wéi dat vun de Leit ugeholl gëtt. An d'Haaptargument war, wat mer ëmmer gesinn hunn, mir hunn ëmmer sou eng 20 bis 30 Prozent vun de Leit, déi ukomm sinn, déi sech teste gelooss hunn. An dunn hu mer geduecht: Et si bestëmmt vill Leit, déi duerno kee Rendez-vous huelen. Dat heescht, wann d'Schlaang grouss ass um Fluchhafen, da loossen ech mech net testen, da ginn ech einfach heem. Mä wann ech awer d'Méiglechkeet hunn, een aneren Test ze maachen, da loossen ech mech vläicht direkt testen. An dat huet sech elo erausgestallt,  datt awer d'Hallschent, iwwer d'Hallschent vun de Leit sech teste gelooss huet. Dat heescht, dat Angebot, wat mer do haten, ass ugeholl ginn. An d'Leit loosse sech testen. A mir wäerten dat eng Woch weider féieren an da kucken, wat d'Resultat ass. Wéi gëtt et ugeholl? Wéi sinn d'Resultater? Well dat ass dat Allerwichtegst fir eis a wéi ass dat ze vergläichen mat engem PCR-Test?“

Wann een um Findel mat esou engem neien Antigen-Schnelltest getest gëtt. Wat geschitt dann?

Extrait Thomas Dentzer (1)

"Dee gëtt betruecht, wéi ee positiven Test, egal wéi een Test ee mécht. Deen ass positiv, dee muss 10 Deeg an den Isolement goen. An dat gëtt gemellt bei der Inspection sanitaire an da mellt sech och den Contact Tracing a kuckt, wéi eng Kontakter een hat. Wat mer elo an der Pilotphas maachen, mir froe jiddwereen, dee positiv getest gouf, mat engem Antigen-Test, dass en nach eng Kéier mat engem PCR-Test verifiéiert gëtt, fir ze kucken, ob dat dann och esou ass. An dat gëtt eis och Hiweiser dorop, ass e staark positiv oder net staark positiv an dat hëlleft eis och z'evaluéieren, wou mer déi Tester dann nach kënnen ausrullen, ouni ze vill Risiko anzegoen. Wat ee muss soen, mir zéie manner Leit mam Antigen-Test eraus, wéi mam PCR-Test. Dat wësse mer zum Beispill elo schonn."

Fir d’Pilotprojeten um Findel, an den Altersheemer an an de Klinicke ginn Antigen-Tester benotzt. Wéi beim normalen Test gëtt hei en Ofstréch an der Nues oder am Hals geholl. De Virdeel ass just, dass een d’Resultat schonn no 15 bis 30 Minutten huet. Antigen-Tester am Large Scale oder an de Laboen ersetzen, ass awer keng Optioun.

“Et läit net drun, dass mer net genuch Antigen-Tester hunn, där hu mer der genuch. Et läit am Fong un der Limitatioun, firwat een deen Test ka gebrauchen a wat en uweist. Et gëtt engem eng gewësse Sécherheet, wann een elo 100 Leit test, dann zitt een e puer Leit eraus, mee mir wëssen awer och, dass e puer Leit net erausgezu ginn. Et ass ebe genau do, wou een eng Risikoanalys muss maachen. Wei wäit ginn ech a wat loossen ech zou? “

Den Antigen-Test ass nämlech net zu 100% fiabel. Dofir solle Leit mat engem positiven Antigen-Test oder nach en zousätzleche PCR-Test maache.

“De Problem ass, dass et Limitatioune ginn. Dat heescht, deen Antigen-Test ass am Fong ganz gutt bei Leit, déi Symptomer hunn a krank sinn. Mee de Problem ass bei Leit, déi keng Symptomer hunn, do reagéiert den Test net gutt an do kann et eben oft virkommen, dass den Test negativ ass, obwuel d'Persoun infizéiert ass.” 

Back to Top
CIM LOGO