Méi Asaz vun der VDL gefuerdertProblemer mam Knascht am Park Kaltreis zu Bouneweg

Annick Goerens
Zanterdeem beim Drogekonsumraum Abrigado vill geschafft gëtt, beweege sech ëmmer méi Konsumente Richtung Bouneweg a besonnesch an de Park Kaltreis.
Problemer mam Knascht am Park Kaltreis zu Bouneweg
Zanterdeem beim Drogekonsumraum Abrigado vill geschafft gëtt, beweege sech ëmmer méi Konsumente Richtung Bouneweg a besonnesch an de Park Kaltreis.

Dat ass de Constat vun enger ganzer Rei Awunner, déi vun ëmmer méi Knascht an och Kaméidi schwätzen an dofir méi Asaz vun der Stad Lëtzebuerg fuerderen. D’Annick Goerens war fir RTL bis op Bouneweg kucken.

Knascht Park Kaltreis / Reportage: Annick Goerens

Et muss ee schonn e bëssi sichen, fir de Knascht hei ze fannen, well wann ee matzen am Dag an de Park kënnt, da gesäit et, op d’mannst op den éischten Bléck, ganz propper an idyllesch aus. D’Kanner rolzen op der Spillplaz, um Volleyballterrain ass och eng lass an iwwerall sëtze mol méi grouss Familljen, mol méi kleng Gruppen ze picknicken. Ma den Däiwel läit bekanntlech am Detail. An den Hecken do gesäit et e bësse méi wüüst aus.

Well mer immens vill, ech soen et mol, Junkien heirëmmer lafen hunn, déi da Matrassen uschleefen, also mir haten hei souguer schonn e Klappbett an den Hecken, wou der wierklech iwwer länger Zäit Leit geschlof hunn. Dann deponéiere se hir perséinlech Saachen och an den Hecken an deene Valorlux-Tuuten. Wa mer Chance hunn a se leien op der Wiss a se komme méien, da gëtt esou eng Matrass matgeholl. Mee alles, wat an den Hecke läit, do kuckt kee Mënsch duerno”, sou beschreift et eng Awunnerin aus dem Quartier déi anonym bleiwe wëll.

“Mir hunn dann och e bësselchen Angscht mat deenen, déi sech do droguéieren. Mir waarden ëmmer drop, dass mer iergendwann een Doudege fannen, dee sech eng Iwwerdosis ginn huet. An ech mengen et ass e Parc municipal. Et si Kanner hei. Mir wëssen och net, leien hei iergendwou och Sprëtzen.”

Eng ganz Rei vun den Awunner hunn och schonn de Service Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg kontaktéiert. Déi sinn och botze komm an de Park - och éier ech sur place war. An trotzdeem hunn ech vill Plazen an den Hecke fonnt, wou nach al Valorluxtuute voller eideler Alkoholfläsche loungen, benotzt Kondomer an och nach Matrassen. Ma Sprëtze ware keng ze gesinn. De Stater-CSV-Schäffen Maurice Bauer reagéiert: “Eise Service Parc, déi hunn eng extra Ekipp, déi d’Parken an der Stad Lëtzebuerg all Moie fréi viru 7 Auer botze ginn. Mir hunn och eise Service Hygiène, déi och ënnerstëtzend do sinn, fir do ze hëllefen fir wierklech och all déi Parken, all déi ëffentlech Plaze propper ze halen. Am Laf vum Dag sinn natierlech Aktivitéiten hei, déi generéiere Knascht. Leider Gottes hëlt och net all Mënsch säin Dreck mat heem, deen en occasionéiert, mee mir sinn awer dofir mat eisen Ekippen dofir do.”

D’Aarbechte ronderëm den Abrigado géingen eng Onrou schafen an dowéinst géing sech déi Populatioun, déi sech soss gären do opgehalen huet, léiwer op aner Plaze beweegen - an dat net just op Bouneweg, confirméiert de Maurice Bauer.

“Dat ass eppes, wat eis bekannt ass. Mir hunn och eise Service Street Work, deen all Kéiers dohinner kënnt, mat de Leit schwätzt, fir mat hinnen ze kucken, ob se net eng Léisung vun Iwwerdaachung also iergendee Foyer wëllen notzen. Mee am Moment ass dat eppes, wou mir si natierlech net kënne forcéieren.”

Ganz allgemeng géinge sech d’Awunner méi Präsens am Park wënsche vun Agente vun der Gemeng oder och mol vum Stater Service “A Vos Côtés”. Bis ewell géingen dës just am Zentrum vu Bouneweg trëppelen, ma et géing ee kucken, fir dëse Service vläicht och mol bis erop an de Park Kaltreis ze schécken, sou nach de Stater Schäffe Maurice Bauer.

Back to Top
CIM LOGO