Wéinst Corona um doudege PunktProjet fir blesséiert Kanner aus Palestina gouf ni realiséiert

Marc Hoscheid
2019 hat d'Regierung annoncéiert, datt den CHL am Kader vun engem humanitäre Projet blesséiert Kanner aus Palestina ophuele sollt. Et ass ni derzou komm.

De 15. November 2019 hat de Regierungsrot säin Accord ginn, fir dem Centre hospitalier du Luxembourg (CHL) ee Budget zur Verfügung ze stellen, fir jonk Palestinenser aus der Gazasträif opzehuelen, déi duerch Gewierkugele blesséiert goufen. Dat virum Hannergrond, datt sech Spannungen an der Gazasträif zanter Ufank 2018 verschäerft haten an d’Acteuren op der Plaz mat deene ville Blesséierten iwwerfuerdert waren. Op Lëtzebuerg sollte jonk Patienten transferéiert ginn, déi bis dohi vu Médecins sans frontières zu Gaza an zu Amman a Jordanie behandelt goufen. De CHL hat sech bereet erkläert bis zu 12 Patiente pro Joer aus der Gazasträif opzehuelen, déi een orthopedesch chirurgeschen Agrëff brauchen. D’Kanner sollte bis zu dräi Méint en charge geholl an d’Käschten integral vum Gesondheetsministère iwwerholl ginn.

Ab deem Moment wou de Regierungsrot gréng Luucht ginn hat, wieren dem Thomas Kauffmann, Generaldirekter vun MSF Luxembourg, no déi administrativ Formalitéiten erleedegt ginn. Et hätt een och dräi mannerjäreg Patienten identifizéiert, déi a Fro komm wieren an iwwerluecht, wéi ee si beschtméiglech begleeden an integréiere kéint. Et hätt awer Probleemer ginn, fir vun den israeeleschen Autoritéiten d’Autorisatioun fir eng Ausrees ze kréien.

Du wier d’Corona-Pandemie komm an doduerch een Ëmbroch bei der interner Organisatioun vum CHL. Dowéinst gouf de Projet schlussendlech ausgesat. Och eng geplangten Ausstellung mam Numm “La Marche du Retour” an een op eng länger Dauer ugeluechte Kommunikatiounsprojet fir d’Patiente weider ze begleeden, goufen net realiséiert. Aktuell wier de Projet um doudege Punkt an et misst ee rëm vu vir ufänken, souwuel wat d’Identifikatioun vu méigleche Patienten, wéi och wat d’Méiglechkeete vum CHL respektiv dem Gesondheetsministère ugeet. An deenen nächste Woche wéilt een eng Diskussioun féiere fir de Point ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO