CGDIS-Kasär um FridhaffProjet gouf e Mëttwoch virgestallt - Kasär soll 2026 stoen

RTL Lëtzebuerg
Op méi wéi zwee Hektar soll en Interventiounszenter gebaut ginn, dee fir de CGDIS dee wichtegsten aus dem Norde gëtt.
CGDIS-Kasär um Fridhaff
Op méi wéi zwee Hektar soll en Interventiounszenter gebaut ginn, dee fir de CGDIS dee wichtegsten aus dem Norde gëtt.

Wéi soll déi geplangte Kasär vum CGDIS um Fridhaff ausgesinn? Op déi Fro gouf et e Mëttwoch den Owend Äntwerten, wéi d’Inneministesch an de Minister fir d’Landesplanung zu Dikrech de Plan d’occupation du sol virgestallt hunn, deen néideg ass fir de Reklassement vum Terrain.

Op méi wéi zwee Hektar soll en Interventiounszenter gebaut ginn, dee fir de CGDIS, dee wichtegsten aus dem Norden gëtt.

CGDIS-Kasär um Fridhaff - E Reportage vum Dany Rasqué

Et ass virop natierlech eng Kasär fir d’Nordstad, déi awer anengems als Verstäerkung fir de ganzen Norden geduecht ass. Eng Plaz, wou ronderëm d’Auer Leit prett sinn, fir am Noutfall ze hëllefen.

De Steve Meyer, Chef vum Departement vun de Gebaier beim CGDIS: “Ziel ass et, fir eng Ekipp vun 20 bis 25 Leit ze hunn. Mat engem Standard-Läschzuch, wéi mer dat an all Pompjeeskasär hunn, mat engem normale Läschwon, enger Dréileeder, enger ganzer Rei Ambulanzen an eng Rei Spezialgefierer.”

Gefierer, déi zum Beispill an den Asaz kommen, wann de Plan nombreuses Victimes ausgeléist gëtt.

Dann ass awer och eng Trainingsanlag geplangt, déi eng national Envergure soll kréien, seet de Paul Schroeder, de Generaldirekter vum CGDIS: “Engersäits en Trümmerfeld fir d’Hondsstaffel, fir do Sichoperatiounen ze trainéieren an eng Brandübungsanlag, wou een ënner reale Bedingungen kann trainéieren, fir e Feier ze läschen.”

Iwwert den Terrain, wou dës Kasär soll hikommen, gouf jorelaang diskutéiert. D’Inneministesch Taina Bofferding ass dofir ëm sou méi zefridden, datt et elo viru geet: “Wann een Ettelbréck an Dikrech kuckt, ass et méi wéi néideg, datt eng nei Kasär gebaut gëtt. Dann hu mer awer och nach de PNOS, den nationale Plang fir d’Organisatioun vun de Secoursen. Do hu mer jo dat grousst Ziel, datt iwwerall am Land a manner wéi 15 Minutten muss Hëllef op der Plaz sinn a fir dat Zil z’erreechen, ass et wichteg, datt mer och déi néideg Infrastrukturen hunn. Dat heescht, datt mer eis och strategesch ganz gutt iwwerleeën, wou mer déi Zentren hisetzen.”

Beim Choix vum Terrain gouf nieft der Accessibilitéit, no der Gréisst gekuckt, nom Präis an nom Impakt op d’Natur.

Et mussen elo eng Rei Prozedure respektéiert ginn, mä de Claude Turmes, de Minister fir d’Landesplanung ass iwwerzeegt, datt et séier viru geet an datt d’Kasär 2026 ka stoen.

PDF: Presentatioun vum Projet

Back to Top
CIM LOGO