
De Präis gouf e Freideg de Mëtteg am Foyer Européen op der Gare iwwerreecht.
De Projet gouf virun engem Joer gegrënnt. Dat mam Zil, 10 Milliounen € u Spenden ze sammelen, fir 112 Rettungsween ze kafen an an d’Ukrain ze schécken. Dat fir datt d’Dokteren, d’Secouristen an d’Pompjeeën am Krichsland hir Aarbecht maachen an déi néideg Hëllef leeschte kéinten. Wéi de President vu LUkraine Nicolas Zharov erkläert wieren nämlech vill Ween an der Ukrain zerstéiert ginn: “Iwwer 2500 Noutdéngschtween – an dat ass just de confirméierten Chiffer – goufen zanter dem Ufank vum Krich komplett oder deelweis zerstéiert oder geklaut.”
D’Zil, dat ee sech virun engem Joer mam Lancement vun der Spendenaktioun ginn huet, konnt een nach net komplett erreechen:
“Mir hu 47 Gefierer geliwwert - dorënner 18 gepanzert Ambulanzen, 10 Pompjeesween an 19 normal Ambulanzen. Dat ass eng signifikant Unzuel, mee eise Kampf ass nach laang net eriwwer. Am Ganze konnte mer 2,5 Milliounen € u Spenden sammelen bis elo.”
D’ASBL hofft, am nächste Joer op déi 10 Milliounen € an déi 112 Gefierer ze kommen. Bei der Zeremonie hunn de Vizepresident vum Europaparlament, Marc Angel an d’EU Deputéiert Tilly Metz an Isabel Wiseler-Lima iwwerdeems ënnerstrach, datt een d’Ukrain och elo mam Konflikt am Noen Osten net vergiess géif ginn.
De President vu LUkraine huet betount, datt dëse Präis eng grouss Éier wier an eng ganz Partie Mercien ausgeschwat, awer an engems och den Appell gemaach datt de Krich nach net eriwwer, an ee weider op Hëllef ugewise wier.