
An 3 Etablissementer am Beräich vum Nuetsliewen wiere "Clusteren", also Infektiounskette festgestallt ginn, sou de Gesondheets- an de Policeministère an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. Kontrolle géinge verstäerkt ginn a Leit tëscht 15 a 40 Joer an de Large-Scale-Testing invitéiert ginn. Weider heescht et d’Regierung wéilt den neien Erkenntnisser Rechnung droen, wa se en Donneschdeg proposéiert, wéi et mat de Covid-Reegelen nom 15. Juli soll weidergoen.
D’CSV ass – eegenen Aussoen no - net zefridde mat der Äntwert vun de Santés- a Policeministèren. D’Oppositiounspartei huet dëse Mëttwoch weider Froen nogeschoss a Bezuch zu "Etablissementer, déi sech net un d‘Reegele gehalen hunn".
Eng Rei Patronen hu sech e Mëttwoch an der nationaler Presse dogéint gewiert, datt een elo mam Fanger op si weist. Och den Associé bei enger Rei Etablissementer an der Stad, dorënner de "Saumur", den Alex De Toffol verséchert am RTL-Interview d’Reegele wiere respektéiert ginn. All Visiteur vun de verschiddene Caféen, Restauranten oder nach vum Strip Club misst virun der Entrée en Test maachen oder mat engem QR-Code säi valabele Covid-Check weisen.
A sengen Aen géing de System och gutt klappen. De Problem wier, datt et kee „Risque Zéro“ gëtt, sou den Alex De Toffol. Datt d’Zuelen eropginn, kéint een net un engem Facteur festleeën. Elo wier d’Futtball-Europameeschterschaft gewiescht, d’Solden an et kéint ee jo och doheem erëm méi Leit empfänken. Dem Alex De Toffol no wiere Leit, déi an en Etablissement ginn, virdrun eventuell scho bei engem doheem gewiescht a géingen duerno zu puer am Taxi sëtzen. Och wann d’Leit dem Contact Tracing duerno soen, si wiere puer Deeg virdrun an deem oder aneren Etablissement gewiescht, sou kéint een dem Alex De Toffol no net kloer soen, wou a wéini eng Persoun sech ugestach hätt.
Zanter d'Infektiounszuelen ugefaangen hunn ze klammen, den 28. Juni, goufen et alles an allem 849 Neiinfektiounen. Stand 5. Juli hunn 307 Leit beim Appell vum Contact Tracing gesot, si wieren um Virowend vum Nationalfeierdag oder déi Deeg drop an der Stad owes erausgaangen, äntweren de Gesondheets- an de Policeministère op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. An 3 Etablissementer wieren "Clusteren", also Infektiounskette festgestallt ginn.
Zanter dem 13. Juni sinn d'Covid-Restriktioune méi labber a gréisser Rassemblementer mam CovidCheck erlaabt. An hirer Äntwert präziséieren d'Ministèren, datt et bis de 4. Juli 782 Notifikatioune fir esou Evenementer goufen, wou ee muss negativ getest, erëm gesond oder geimpft sinn.
„D'Regierung ass sech dem Risiko vun enger neier Reprise vun den Infektioune bewosst (...) mat enger Predominaz vun de Jonken", schreiwen d'Ministèren. A weider, datt d'Etablissementer, wou Clustere festgestallt goufen, der Police gemellt goufen, mat der Demande, verstäerkt Kontrollen ze maachen. Dat selwecht gëllt fir Etablissementer, wou „anscheinend d'CovidCheck-Mesuren net respektéieren". Dat laut Aussoe vu Clienten. Well bei de Kontrolle vun der Police a 57 Etablissementer, dorënner déi, wou CovidCheck-Evenementer waren, goufen et zwar 6 Avertissements taxés oder Convocatiounen. Gréisser Problemer wieren awer keng festgestallt ginn.
Donieft gouf decidéiert, iwwer de Large-Scale-Testing déi nächst 2 Woche systematesch all d'Leit tëscht 15 a 40 Joer anzelueden. D'Regierung wëll den neien Erkenntnisser Rechnung droen, wa se en Donneschdeg proposéiert, wéi et mat de Covid-Reegele soll weidergoen, heescht et nach. E schwieregen Exercice, well et jo bis zu 2 Wochen dauere kann, bis Symptomer erschéngen a sech eréischt an den nächsten Deeg wäert erausstellen, ob d'Hospitalisatiounen eropginn. D'Erfarung aus Groussbritannien weist, datt, nodeems méi Leit geimpft sinn, d'Zuel vun Hospitalisatioune manner staark klëmmt ewéi d'Zuel vun Infektiounen.
