
Ënner anerem war op de Plakater ze liesen "Demokratie fir Hongkkong" oder "Kämpf fir d'Fräiheet", dat a Kombinatioun mam Fändel vun Hongkong.
Dat Ganzt ass op engem Dag geschitt, wou zu Hongkong gewielt gëtt. D’Bedeelegung bei dëse lokale Walen ass esou héich, ewéi nach ni, dat mellen d'Norichtenagencen. Bis um fréien Sonndengowend hu 70 Prozent vun de walberechtegte Leit hir Stëmm ofginn.
Éischt Medien mellen, dass déi héich Walbedeelegung der Pro-Demokratie-Beweegung dierf zegutt kommen. D'Manifestatioune sinn e Sonndeg och ausgelooss ginn, fir dass d'Bierger méi einfach an de Walbüro kommen.
D'Resultat vun dëse lokale Walen soll en Stëmmungsbild ofginn a weisen, ob d'Bierger vun Hongkong hannert der Pro-Demokratie-Beweegung stinn. Éischt Resultater gi sech an der Nuecht op e Méindeg erwaart.