Dee war jo besonnesch wéinst sengem Ëmgang mat WGe staark an d'Kritik geroden.
De Kollektiv "Save Co-housing in Esch" hat schonn e Freideg de Moien um 8.30 Auer zu enger Protestaktioun virun der Gemeng opgeruff.
Den Organisateure vun der Maniff no ginn d'Dispositiounen, déi d'Gemeng fir Co-Locatioune virgesäit, ze wäit a leie laanscht der Realitéit um Terrain. Et freet ee sech, wéini de Buergermeeschter Georges Mischo aus sengem Dornréische-Schlof erwächt.
Den CSV-Député-maire sengersäits hat sech vun Ufank u géint de Virworf gewiert, et wéilt ee Co-Locatioune verbidden. Et géif drëms goen, d'Situatioun méi genee ze reglementéieren a géint Cafészëmmere virgoen. Den zweete Vott war verréckelt ginn, nodeems nach vill Froen opstoungen.
D'Notioun vum "lien affectif", déi d'Membere vun enger WG missten ënnerteneen hunn, war no Kriticke schlussendlech zréckgezu ginn. Zwar misst een elo net méi "matenee goen", wéi de Buergermeeschter et ausgedréckt hat, fir zesummen ze wunnen, seet d'Nathalie Reuland vu Save Co-Housing Esch: "Mee et ass awer nach ëmmer esou, dass an all deene Reglementer elo Saachen iwwert d'Zesummeliewe solle bestëmmt ginn, wat näischt dora verluer huet. Et ass nämlech zum Beispill esou, dass iwwert de Règlement des bâtisses soll et limitéiert ginn, e Logement fir eng WG op 3 Kummeren. Wann déi Kummere grouss wieren, méi wéi 18 Meter Carré, da wier et 6 Leit maximum, déi kéinten do wunnen, wat quasi all WG wäert futti maachen."
D'Manifestante ginn den Androck net lass, datt den Escher Schäfferot verschidde Forme vum Zesummeliewen, an domat och virun allem Persoune mat méi bescheidene finanzielle Mëttel, aus der Stad verdränge wéilt.
Och am Gemengerot gouf et schaarf Kritik vun der LSAP an déi Lénk, wéi och vum onofhängege Conseiller Dan Codello um neie PAG, an deem Saache géinge stoen, déi näischt dora verluer hätten a mat deem WGen zwar net verbueden, ma de facto onméiglech gemaach géife ginn.
De Schäfferot wier wéi e Geeschterfuerer ënnerwee, dee sech op der Autobunn wonnert, datt em lauter Leit de falsche Wee entgéintkommen, sot déi fréier Escher Buergermeeschtesch Véra Spautz. D'Conseillère vun der blo-gréng-schwaarzer Majoritéit wollten dat net gëlle loossen, et géing ëm Salubritéit a Sécherheet an ëm d'Erhale vun Eefamilljenhaiser goen, net ëm de Verbuet vu WGen.