ADR-FraenProtestpiquet fir méi "Sécherheet am ëffentleche Raum"

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg ass den internationale Fraendag. An deem Kontext wollten d'ADR-Fraen de Sujet "Sécherheet am ëffentleche Raum" thematiséieren.
Protestpiquet vun den ADR-Fraen
Si fuerdere méi Sécherheet am ëffentleche Raum.

Virum Ministère fir bannenzegt Sécherheet gouf dofir e Protestpiquet organiséiert. "Et wier eng Tatsaach, datt Fraen, ma och eeler Leit, sech net méi géifen trauen, a verschidde Quartieren ze goen." Dowéinst fuerderen d'ADR-Frae méi Kompetenze fir d'Police, eng Justiz déi duerchgräift an eng Null-Toleranz-Politik géintiwwer der Kriminalitéit.

Back to Top
CIM LOGO