E Véierel vun de Mataarbechter soll beim Grupp Saint-Paul entlooss ginn. Ass et dann iwwerhaapt nach méiglech, d'Zeitung weider ze drécken? Dës an nach vill aner Froen stellt sech den LCGB. Kloer Äntwerte ginn et vun der Direktioun net. Den Donneschdeg de Moie koum et an dësem Kader zu engem Protest virum Sëtz vum Grupp Saint-Paul.
Den LCBG setzt sech dofir an, méiglechst vill Aarbechtsplazen ze erhalen. Direkt 80 Leit solle beim Lëtzebuerger Wort hir Plaz verléieren. Dovunner si 60% iwwert 40 Joer al oder hätten iwwer 20 Joer do geschafft. Wat et um Aarbechtsmarché net méi einfach mécht.
"Et ass e Véierel vun der Beleegschaft, deen einfach an e puer Méint net méi hei soll sinn. An do kann ee sech ganz seriö froen: Wéi soll de Betrib weider goen? Wat bedeit dat fir d'Iwwerliewe vun der Zeitung. Gëtt et déi nach? Huet d'Direktioun iwwerhaapt nach en Interêt, dass hei eng Zeitung soll gedréckt ginn?", esou d'Gewerkschaftssekretärin vum LCGB, d'Celine Conter.
Et géif een net verstoen, wou d'Direktioun hi wëllt. Erklärungen dozou géif een och net kréien. Se géife sech nämlech virun all Diskussioun drécken, heescht et.
"An der Entrevue beim Aarbechtsminister war d'Intentioun vum LCGB, all d' Méiglechkeeten auszeschöpfen, fir d'Aarbechtsplazen ze erhalen. Den Aarbechtsminister ënnerstëtzt komplett dës Positioun. D'Ewechbleiwe vun der Direktioun beweist ganz kloer: hier läit awer guer näischt drun, och nëmmen 1 eenzege Posten ze retten."
Den LCGB géif verstoen, dass een ëmmer mat der Zäit muss matgoen a sech un déi upasst. Dat kéint een awer net esou radikal maache wéi déi Direktioun dat wëlles huet.
"Wat sinn zukünfteg Projeten? Gëtt et de Print nach a 5 Joer? Gëtt alles digital? Mir wëllen net falsch verstane ginn. All Fortschrëtt huet seng Chance. Awer net op d'Käschte vun de Mataarbechter."
D'Fuerderunge vum LCGB si kloer: d'Direktioun soll déi 80 Aarbechtsplazen erhalen.
D'Direktioun hat sech dozou bereet erkläert, 6 Plaze manner ze sträichen. Domadder wier een awer net averstanen, well déi 6 Plazen am nächsten Sozialplang direkt erëm kéinte gestrach ginn. Vertraue géif et tëscht der Direktioun Saint-Paul an dem LCGB net méi.
RTL-News: Personalofbau: Bei Saint-Paul kënnt kee Sozialplang zustanen