Stroossen zäitweis blockéiertProtestpiquet vu Mataarbechter vu Cargozenter - Nächst Reunioun den 9. Oktober

Diana Hoffmann
Christophe Hochard
D'Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-SNEP haten e Protestpiquet organiséiert, bei deem d'Mataarbechter vum Cargozenter hir Fuerderunge kloergemaach hunn.
Protestpiquet vu Mataarbechter vu Cargozenter - Nächst Reunioun den 9. Oktober
D’Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-SNEP haten e Protestpiquet organiséiert, bei deem d’Mataarbechter vum Cargozenter hir Fuerderunge kloergemaach hunn.

D’Mataarbechter maache sech grouss Suergen: Op enger Demonstratioun vum Cargozenter-Personal gouf e Freideg de Moie wärend zwou Stonnen de Rond-point beim Flughafe blockéiert, fir déi Onsécherheet ze verdäitlechen.

Wisou dëse Protestpiquet?

Et geet drëms, datt d’Luxair sech aus dem Handling vum Cargozenter zréckzitt. D’Leit maache sech Suergen, wéi et weidergeet, hu vill Froen a fille sech vun hirem aktuelle Patron am Stach gelooss. Eng 1.200 Salariéeë si betraff.

Ufank August war jo bekannt ginn, dass de Verwaltungsrot vun der Luxair decidéiert hat, sech aus dem Handling vum Cargozenter zeréckzezéien. Doriwwer weise sech vill Salariéen enttäuscht. Et hätt ee léiwer gehat, d’Airline hätt d’Soumissioun weider iwwerholl, ass vu Gewerkschaftssäit ze héieren. Elo fäert een ëm sozial Acquisen.

Protestpiquet um Findel / Interview Diana Hoffmann

D’Gewerkschafte gesinn hei zwee Problemer: No 27 Joer wëll d’Luxair d’Aarbechter am Cargozenter net méi beschäftegen an d’Direktioun schéngt sech keng Suergen ëm hir Employéen ze maachen, seet den LCGB-Vertrieder Paul de Araujo. Zil vun der Gewerkschaft ass et, d’Acquisen, déi am Kollektivvertrag vun der Luxair fir d’Personal drastinn, ofzesécheren. An och wëll een dat jorelaangt Engagement vun de Salariéen unerkenne loossen. Fir dës Saachen ze klären, haten d’Gewerkschafte scho verschidde Reunioune mat de Vertrieder vun der Luxair a weider Gespréicher si geplangt. D’Aarbechter wëlle Garantië vun hirem Patron an en Engagement, datt hir Acquise garantéiert bleiwen.

PDF: D'Ried vum Paul DE ARAUJO vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO