
Éischten Informatiounen no soll den Affekot d’Bee gebrach hunn. De Prozess an der sougenannter Lunghi-Affär ass op Mëtt Abrëll reportéiert ginn. De Maître Gaston Vogel konnt e Mëttwoch de Moien net um Prozess deelhuelen an och net remplacéiert ginn.
En Dënschdeg schonn huet de Prozess no annerhallwer Stonn missten ausgesat ginn, well den Affekot ze vill Péng hat an huet musse medezinesch behandelt ginn.