Ee Rapport feeltProzess ëm déidlechen Accident bis Enn Januar ausgesat

RTL Lëtzebuerg
Um Stater Geriicht hätt u sech um Mëttwoch de Prozess ëm en Accident mat déidleche Suitten, am Oktober 2014, op der Saarautobunn sollen op en Enn kommen.

E gouf awer, well dem Geriicht e Rapport zum Accident net virlouch, bis Enn Januar ausgesat.

An deem Prozess goung et ëm zwee Accidenter, déi virun eppes méi wéi 5 Joer moies fréi am décken Niwwel kuerz noeneen tëscht den Opfaarten Altwis a Fréiseng geschitt waren.

Dora waren am Ganze 5 Autoe verwéckelt: en 30 Joer ale Mann aus engem Gefier war déidlech verwonnt ginn. Dowéinst kruten zanter e Méinden 3 Männer de Prozess gemaach.

Déidlechen Accident - Prozess ausgesat / Reportage E.Ewald

D'Sëtzung e Mëttwoch de Moien huet mat de Remorquë vum President vum Geriicht ugefaangen, dass een en Zousazrapport zu deem Accident zur Kenntnis geholl hätt, en Zousazrapport, deen en Dënschdeg kuerz ugeschwat gouf. Dem Riichter no hätt een am Dossier awer kee Basisrapport dozou fonnt. Deemno wär zanter e Méindeg d'Instructioun vun der Affär ouni dee Rapport gemaach ginn.

Bedauert huet de President vum Geriicht, dass sech keng vun de Prozessparteien dozou gemellt hat. Un den Affekot vum 3. Ugeklote war et d'Fro, ob hie sech op dee Rapport beruffe géif: Jo, war d'Äntwert dorop vum Me Max Müller.

An deem Fall misst de Prozess ausgesat ginn, huet de Riichter gemengt. Wouropshin de Vertrieder vum Parquet erkläert huet, de Prozess kéint dann net méi dëst Joer weidergoen! „Déi heiten Affär huet awer Prioritéit vis-à-vis vu Bagatellesaffären!“, huet de President vum Geriicht fonnt. Nodeems de Me Minden, Affekot vum Mann, dee Schwieregkeeten huet beim Goen, erkläert hat, et sollt ee mol kucken, wat de Me Max Müller aus deem Rapport erauszéie wéilt, huet dee mat sengem Plädoyer ugefaangen. Wäit koum hien allerdéngs net. Wéi hie betount huet, den Auto, an deem dat spéidert Doudesaffer souz, wär op eemol vun der rietser op déi lénks Spuer eriwwer gefuer, sot de Riichter: „Da kënne mer schonn ophalen, well déi aner Experte soen dat net! D'Geriicht wëll d'Experten dozou konfrontéieren!“

Virun deem Hannergrond gouf de Prozess bis den 22. Januar ausgesat, wat fir déi Implizéiert net einfach war.

Back to Top
CIM LOGO