
Sollt, well seng zwou Affäre sinn no kuerzer Zäit ouni neien Datum ausgesat ginn.
De 67 Joer ale Mann huet argumentéiert, dass d'Affären nei sollte fixéiert ginn, well seng Affekotin, d'Me Biermann, eng vulnerabel Persoun wär, dat duerch dee "chinesesche Virus". Wouropshin d'Vertriederin vum Parquet erkläert huet, dass dat dem Pierre Peters säi gutt Recht wär, d'Affäre sollten dofir op onbestëmmten Zäit ausgesat ginn, wat awer nëmme "partie remise" wär, well an der Tëschenzäit léichen nach aner Dossiere géint de Mann vir. Deen huet um Enn nach betount, dass d'Leit um Geriicht ganz gutt geschützt wären, wougéint "mir dobaussen" dem Virus ausgeliwwert wären.
De Pierre Peters war, wéi gesot, op en Neits ugeklot wéinst Opruff zum Haass. Hien hat sech am Dezember zejoert op Facebook géintiwwer Auslänner ausgelooss. De Mann wollt ënnert anerem eraus aus der EU, d'Populatioun op 400.000 Leit erofsetzen, d'Land ënnert de Lëtzebuerger opdeelen a Lëtzebuergesch zur eenzeg offizieller Sprooch maachen. Domat hätt hien dem Virworf vum Opruff zum Haass géintiwwer Leit entsprach, déi net zur Lëtzebuerger Natioun gehéieren. Donieft hat sech de Pierre Peters nach am Abrëll an engem Videomessage op Facebook géintiwwer dem Jean Asselborn ausgelooss an an engem Post géintiwwer dem Ausseminister an der Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs, déi Flüchtlingen hei am Land begréisst haten.
Am Dezember 2016 war de Pierre Peters eng lescht Kéier wéinst Opruff zum Haass verurteelt ginn. Deemools war op der Cour d'appel an der Stad aus enger Prisongsstrof vun 8 Méint aus 1. Instanz eng Geldstrof vu 7.000 Euro ginn. Sengerzäit goung et ëm Deplianten aus dem Hierscht 2015, an deene sech de Mann géintiwwer Auslänner ausgelooss hat.