Läichendeeler a Frankräich an Däitschland fonntProzessoptakt no Mord u Portugisin aus Lëtzebuerg am Joer 2022

RTL Lëtzebuerg
Den 19. September 2022 ass den Torso vun enger Fra zu Mont-Saint-Martin entdeckt ginn. De Prozess wéinst Mord geet e Méindeg zu Dikrech lass.
© Domingos Oliveira / RTL

Dräi Joer ass et hier, dass zu Mont-Saint-Martin a Frankräich, net wäit vun der lëtzebuergescher Grenz ewech, den Torso vun enger Fra an der Géigend vun engem féiere Supermarché fonnt gi war. Annerhallwe Mount méi spéit goufe weider Kierperdeeler vun hir zu Temmels an Däitschland fonnt. Ënner anerem well d’Affer mat portugiseschen Originnen zu Dikrech gelieft huet, ass och de lëtzebuergesche Parquet an d’Affär implizéiert.

E Méindeg fänkt um Geriicht zu Dikrech de Prozess géint en 51 Joer ale Mann aus Marokko un, deen zanter Oktober 2022 an Untersuchungshaft sëtzt. De Mann gëllt als Frënd a fréiere Liibhaber vum Affer. Him gëtt reprochéiert, d’Fra vu 40 Joer ëmbruecht ze hunn.

E weidere Mann aus Marokko soll vun him belaascht ginn, dee Schëllegen ze sinn. Dobäi handelt et sech ëm säin Neveu vun 48 Joer, dee mam Affer soll zesumme gewiescht sinn, a sech zanter der Affär warscheinlech a Marokko ofgesat huet. Hie gëtt Hëllef vun engem internationale Mandat d’arrêt gesicht.

Hannert Supermarché zu Mont-Saint-Martin: Zeie schwätzt vun Decouverte vun zerstéckelter Läich vun enger jonker Fra (24.9.22)
DNA-Verglach confirméiert: Fraeläich zu Mont-Saint-Martin ass eng Portugisin vu Lëtzebuerg (4.10.22)
Gedenkfeier fir ermort Fra vu Mont-Saint-Martin: “D’Diana war wéi eng zweet Mamm fir mech” (22.10.22)
Zu Temmels (D) fonnt: Kierperdeeler gehéieren zur Läich vu Mont-Saint-Martin (15.11.25)

Back to Top
CIM LOGO