Frënn a Bekannten hu sech e Samschdeg am Nomëtteg getraff, fir zesumme portugisesch Lidder ze sangen an ze traueren.

Eng 60 Leit waren um Samschdeg Mëtteg an de klenge Park bei der Bibliothéik zu Athus an der Belsch komm, fir der 40 Joer aler verstuerwener Diana Santos ze gedenken.

Hiren Torso war den 19. September am franséische Mont-Saint-Martin, net wäit vun der Lëtzebuergescher Grenz ewech, fonnt ginn. Ee Verdächtege konnt antëscht festgeholl ginn.

Et war eng émouvant Gedenkfeier e Samschdeg zu Athus. Um Schluss si wäiss Ballonen an den Himmel fléie gelooss ginn. Dobäi ass en Karaoke Video gelaf, an deem d'Diana Santos gesongen huet.

Sange war nämlech der Fra hier grouss Leidenschaft. An et ass besonnesch hire Gesang, deen de Leit zu Athus wäert an Erënnerung bleiwen. All d'Leit, mat deene RTL op der Plaz geschwat hunn, hunn d'Diana Santos aus der Karaoke-Bar kannt, wou si, bis si am Summer op Dikrech geplënnert ass, geschafft an dacks gesongen huet.

Beschriwwe gëtt d'Fra als liewensfrou Persoun, déi ëmmer gelaacht an ni gewisen huet, wa si traureg war. Hire Gesang hätt d'Leit beréiert, ma se hätt esouguer nach besser danze kënnen, huet eng Bekannte vun der Fra gesot.

Och vill Jonker sinn an d'Bar Karaoke sange gaangen. Vill vun hinnen haten eng besonnesch enk Relatioun mam Diana Santos. En jonkt Meedche seet, d'Karaoke-Sängerin hätt hier gehollef, sech beim sangen ze verbesseren. Duerno brécht déi jonk Fra an Tréinen aus: "D'Diana war wéi eng zweet Mamm fir mech."

Genau esou e beréierenden Temoignage mécht dann och en anert Meedchen. Eemol wier d'Diana Santos esouguer bei hat heem komm, fir ze sangen. Zanter datt déi 40 Joer al Fra awer am Summer op Lëtzebuerg geplënnert war, hat zu Athus kee méi eppes vun hier héieren.