Kierperdeeler gehéieren zur Läich vu Mont-Saint-Martin
Den 1. November goufen op engem Parking zu Temmels un der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz mënschlech Kierperdeeler entdeckt.
De Lien mat Lëtzebuerg ass etabléiert. D'Kierperdeeler, déi an der Géigend vun Temmels heivir an Däitschland fonnt goufen, gehéieren zu der Läich vu Mont-Saint-Martin.
Et handelt sech also ëm déi portugisesch Staatsbiergerin, déi zu Dikrech gelieft huet. Dat confirméieren de Lëtzebuerger Parquet an d'Police vun Tréier.
D'Läich vun der Fra war den 19. September hannert der franséischer Grenz fonnt ginn. D'Identitéit hätt ouni Zweiwel kéinte vu Geriichtsmedeziner op der Uni Mainz festgestallt ginn.
Déi däitsch an déi Lëtzebuerger Autoritéite bleiwen am enken Echange, heescht et vun der Police vun Tréier.
D'Lëtzebuerger Police hat an dëser Saach e Mann vun 48 Joer festgeholl. Him gi Mord an Doudschlag virgeworf. D'Enquête vun der Police Judiciaire leeft. Wéi bei all penaler Prozedur gëllt och an dësem Fall d'Présomption d'innocence.
Offiziellt Schreiwes vum Parquet
Communiqué du parquet de Diekirch au sujet du résultat des analyses des parties de corps humain découverts le 1er novembre 2022 à Temmels (Allemagne)
(15.11.2022)
Suite à la découverte de parties de corps humain en date du 1er novembre 2022 à Temmels à la frontière germano-luxembourgeoise, des analyses ADN ont été réalisées en Allemagne.
Le résultat de ces analyses a révélé une concordance avec l’ADN prélevé sur le corps démembré de femme découvert le 19 septembre 2022 à Mont-St –Martin (France).
L’instruction judiciaire luxembourgeoise se poursuit et à ce stade il n’est pas indiqué de communiquer d’autres éléments de l’enquête.
Schreiwes vun der Police vun Tréier
Nach dem Fund menschlicher Körperteile im Bereich eines Parkplatzes in der Nähe des Moselortes Temmels am 1. November 2022 ( unsere Pressemitteilung: POL-PPTR: Auffinden menschlicher Körperteile | Presseportal) steht nun die Identität der Person fest. Nach der aufwändigen Analyse der zugehörigen DNS und des Abgleichs mit Vergleichs-DNS steht nun zweifelsfrei fest, dass die Körperteile zu der am 19. September 2022 in Mont Saint-Martin (Frankreich) aufgefundenen getöteten, im luxemburgischen Diekirch lebenden portugiesischen Staatsangehörigen gehören. Die Ermittlungen zu diesem Tötungsdelikt werden durch die luxemburgischen Behörden geführt. Nach dem Fund der menschlichen Körperteile in Temmels standen die Ermittler der Kriminaldirektion Trier im engen Austausch mit den Ermittlungsbehörden in Luxemburg. Ein Zusammenhang konnte sehr früh angenommen werden, andere Ermittlungsansätze mussten jedoch in gleicher Weise verfolgt werden. Die Identität und die Zugehörigkeit der Leichenteile zu der Getöteten konnten zweifelsfrei nur durch die DNS-Analyse und den Abgleich an der Gerichtsmedizin an der Mainzer Uniklinkt nachgewiesen werden. Die Ermittlungen der Kripo Trier und der Austausch mit der Luxemburger Polizei dauern weiterhin an.